Fotoen


Oldtimerday Luxembourg

Oldtimerday lu

De Sonnden 17 September war deen éischten nationalen Oldtimerday zu Lëtzebuerg. An Liewe geruff gouf dësen Dag vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun LOF.
Duerch ganz Land ware vill Veranstaltungen ronderëm al Autoen, Motoen an Trakteren. Sechs verschidde Rallyen an Touren goufen gefuer: de Quadriga Hierschttour mat ale Militärween, AMAL mat hirer Mototour, de Käfer Tour, Rotary Indian Summer, Fiat 500 Rallye Surprise an den ACL Hierscht Tour.
Och vill Muséeën haten dee Sonnden hier Dieren opgemaach fir Oldtimerfans ze begeeschteren: de Conservatoire National de Véhicules Historiques, Oldtractor Stengefort, de Musée des Tramways et des Bus de la Ville de Luxembourg an de Musée de l’ardoise Martelange.
Verschidde Sponsore vun der LOF haten sech flott Saachen afale gelooss fir hier Betriber de Léit ze presentéieren, ënnert anerem waren dat den APL Autoparts Luxembourg, den Hotel Légère, de Saxer Open Day zu Ermsduerf, de Marc Pesch wou een de Beruff vum Suedler gewisen krut an eng Porte Ouverte an der néier Garage Classic Workshop zu Déifferdeng.
Dräi grouss Oldtimertreffen hun deen Dag natierlech net dierfte feelen: der LOF hiren traditionellen Breakfast, den Let’z meet Oldtimers vum Letzbug an deen eischte Stroossen Classics.
Mir hu versicht op esou vill Platze wei méiglech Fotoen maachen ze goen a well déi meeschten Touren an Rallyen um Breakfast oder um Stroossen Classics waren, ass et eis gelongen vill schéi Gefierer virun Lëns ze kréien.
Eise Fazit vum Oldtimerday Lëtzebuerg: eng flott Initiativ mee leider bal onméiglech alles ze gesinn oder iwwerall dobäi ze sinn. Den Depart vum Fiat Rallye Surprise bei der Garage Autopolis war eisen éischte Stop iert mir op de Breakfast vun der LOF gefuer sin. Dëse war dës Kéier an der Peugeot Garage zu Bissen an et waren méi wei 180 Gefierer present an och de Quadriga Hierschttour an de Käfertour haten hiren Depart um Breakfast.
Duerno goung et op den Stroossen Classics. Et war déi éischte Kéier dass dësen Event am Zentrum vun Stroossen stattfonnt huet. Mat mei wei 450 Gefierer war dëst Treffen ee vollen Erfolleg an och den Rotary Indian Summer an den ACL Hierscht Tour hun een Stop um Stroossen Classics gemaach. Déi eenzel Autosmarken waren unhand hiren Länner op diverse Parkingen ausgestallt, Concerten goufen gespillt an och fir Iessen an Drénken war beschtens gesuergt.
Bei guddem Wierder haten och déi vill Visiteuren interessant an aussergewéinlech Gefierer ze kucken.
Alles an allem war et een erfollegräichen Dag fir letzeboier Oldtimerszene a mir sinn gespaant op den Oldtimerday 2018. Vill Spaass mat eise Fotostrecken vun deenen verschiddenen Events.

Fiat 500 rallye Suprise
Lof Oldtimer Breakfast Garage Petry
Stroossen Classic


Kronenbus the meeting Combi Edition

Kronenbus the meeting Combi edition

No 2 Joer Waardezäit war et de Weekend vum 02 an 03 September erëm souwäit: Crew vun Kronenbus huet op hiert Treffen zu Leyviller invitéiert. Den Nico Bruck an seng Equipe hun et och dëst Joer erëm fäerdeg bruet iwwert 400 loftgekillte Gefierer a ganz vill Visiteuren op ee flotten Site am Duerfkär ze versammelen. Ee gutt gefëllte Programm mat Concerten, Verkafsstänn an Top 20 waren just en puer Highlighten vun deenen 2 Deeg. Pizza, Flammkuchen a Gegrills stoungen um Menü an Kanner haten hire Spaass am Sprangschlass. Dëst Joer stoung ganz am Zeechen vun de VW Bussen. Mir haten ee flotte Weekend a kënnen dëst Treffen jidderengem recommandéieren, mir freeën eis schon op 2019.



Mondorf Concours d’Elegance & Luxembourg Classic Days 2017

Mondorf Concours d’Elegance & Luxembourg Classic Days 2017

Prestigiéis, elegant a speziell Oldtimer, dofir steet de „Mondorf Concours d’Elegance & Luxembourg Classic Days“, organiséiert vun dem " Gentlemen Drivers Club asbl " an Zesummenaarbecht mat "MAW Events SARL".
De Park vun den Domaine Thermal Mondorf bitt déi perfekte Kuliss fir Cluben a privat Aussteller fir hier wäertvoll Oldtimer ze presentéieren. Bugatti war de Weekend vum 26 a 27 August Haaptattraktioun vun dësem Event. Fir Iessen, Drénken an Animatioun war déi zwee Deeg  beschtens gesuergt. Den Erléis geet wéi déi lëscht 5 Joer integral un „ Make-a-wish Luxembourg asbl “.
Gutt Wierder an Braderie zu Mondorf huet vill Visiteuren an de Parc gelackelt an och mir haten ee flotte Nomëtteg: mir hun vill aussergewéinlech Oldtimer gesinn a fotograféiert.



LOF Oldtimer Breakfast Carrosserie de Cock

Lof Oldtimer Breakfast Carrosserie de Cock

De LOF Oldtimer Breakfast ass mëttlerweil ee feste Bestanddeel an der Letzeboier Oldtimerzeen. Et ass flott ze gesinn dass ëmmer méi Visiteuren kucke kommen, vill Léit ëmmer erëm dobäi sinn an awer och nei Oldtimer dobäi kommen.
Dës Kéier huet der LOF hire Sponsor „ Carrosserie de Cock “ vu Bissen Frühstück organiséiert an et war interessant een Abléck an de Betrib an hier Aarbecht ze kréien.
Och dës Kéier waren méi wei 160 Gefierer um Breakfast an den Don war fir APEMH. Mir wënschen iech vill Spaass mat eise Fotoen



CVM Steesel

CVM Steesel

Et ass all Joer erëm een Erliefnis fir Grouss a Kleng wann de „Collectionneurs de Véhicules Militaires “ vu Steesel hiert alljäerlecht Treffen am „Centre de Loisirs Norbert Melcher“ organiséiert. Och eis Nopeschlänner profitéiere vun deenen 3 Deeg fir mat hire militäresche Gefierer op Lëtzebuerg ze kommen an sech ze presentéieren.
Een Tour mam Panzer, Militärdeko, Männer a Fraen an Arméiuniformen a souguer een "Scharfschützengruef" huet Wiss hannert dem Centre de Loisirs an eng richteg Militärbasis verwandelt.
Samschdes Moies stoung och een Tour mat de Gefierer um Programm. Mir sinn op alle Fall och nächst Joer erëm dobäi a bis dohin wënsche mir iech vill Freed mat eisen Andréck vun dem originelle Meeting.



Volkswagen Spirit Gang

Volkswagen Spirit Gang

Fir all VW Fans fënnt all Joer de 15 August een Treffen zu Messancy beim Mc Donalds statt. Organiséiert vun der „Volkswagen Spirit Gang“ ass Mëttes ab 14 Auer jiddereen deen ee VW Auto fiert, egal ob Oldtimer, Youngtimer oder Sportsautoen invitéiert sech um Parking vum Cora ze treffen.
Mir waren och dëst Joer erëm dobäi a ware frou vill Léit erëmzegesinn, bëssen ze schnëssen a fir iech en puer flott Fotoen matzebréngen.



Le Bug Show

Le Bug Show Spa Francorchamps

Den éischte Weekend am August verwandelt sech all Joer de Circuit vu Spa Francorchamps an dat gréisste loftgekillte VW Treffen vun Europa: iwwert 10000 Visiteuren a bal 4000 Keefer, Bullien, Karmann Ghia a Buggie ginn sech Rendezvous fir zwee aussergewéinlech Deeg mateneen ze verbréngen. 2017 war déi 25ten Kéier dass de “Belgian Buggy & VW Club” Bug Show organiséiert. Camping, Verkafsstänn, eng Bourse, Drag Race, Circuit fueren an natierlech Top 20 stoungen um Programm.
Den Highlight ass ëmmer eng grouss Parade wou gläichzäiteg 1500 loftgekillte Gefierer zesummen iwwert de Circuit fueren al all Joer loossen Léit sech nei Saachen afalen: een Einhorn um Gepäckdréier vum Bulli, Gaardestill mat engem Dësch hannen op der Pritsche oder einfach eng Matrass um Gepäckdréier fir ze chillen.
Och mir waren dëst Joer erëm dobäi a mir sinn ëmmer erëm faszinéiert vun der ganzer Liewenskultur an dem Spaass deen Bug Show mécht a mir wëllen dëst Gefill duerch eis Fotoen mat iech deelen.

 



Vintage Cars & Bikes Steinfort

Vintage Cars & Bikes Steinfort

Den " Vintage Cars & Bikes " Stengefort ass mëttlerweil ee feste Bestanddeel vun der Letzeboier Oldtimerzeen. Zanter 5 Joer verwandelt sech de Kär vun der Gemeng an een Oldtimerduerf: ronderëm den Zentrum Roudemer haten de Weekend vum 5-6 August net manner wei 700 al Gefierer op déi mei wei 6500 Visiteure gewaart fir bestaunt ze ginn. Den Erfolleg schwätzt fir sech: iwwer 113 Aussteller haten sech schon am Virfeld ugemellt an och eng Rekordzuel vun 77 Verkaafs- a Boursestänn hun dofir gesuergt dass schon säit Mee all Platzen op dem 5000 m2 Site ausgebucht waren.
Fir jiddereen war eppes Interessantes dobäi: Motorieder, Oldtimer, Trakteren, Iessen, Drénken an Animatioun fir Kanner. Schon de Wee vum P&R bis op de Site war een Erliefnis well Visiteure vun engem Oldtimerbus ofgeholl goufen.
Ee vun de villen Highlight war en Samschden de Mëtteg Arrivée vun der LOF Oldtimer Tour fir den Télévie.
Och mir konnten eis dësen Evenement net entgoen loossen an esou hun mir Sonndes Mëttes mat eisen zwee Oldtimer esouguer eng Platz um Site kritt.
Ee grousse Luef geet op dëser Platz un  " Vintage Cars & Bikes Mechanical Freaks Stengefort "  an Zesummenaarbecht mam " Centre d'Incendie et de Secours Stengefort " an dem " Club des Jeunes Hoën/Klengbetten " an der " Entente vun Stengefort  " fir déi super Organisatioun vum ganze Weekend, déi vill Aarbecht huet sech gelount a mir si gespaant ob 2018 erëm eng nei Rekordzuel opgestallt gëtt.

 



Rock'n Custom Show Hangout Garage

ROCK 'N' CUSTOM SHOW

Rockmusek, Oldtimer a Custom Bikes ass zënter 2012 dem "Hangout Garage" hiren erfollegräiche Programm vun der Rock'n Custom Show.

Molli Bar zu Grooljen war och dëst Joer erëm bereet hier Raimlechkeeten an eng grouss Wiss zur Verfügung ze stellen. Een alen Unhänger als Bühn mat 4 Live-Bands hunn de ganze Mëtteg fir fëtzeg Rockmusek gesuergt.

Gegrills, lecker Burgeren a Béier hunn dofir gesuergt dass keen hongereg oder duuschtereg heem gaangen ass. Fir sech verwinnen ze loossen, konnten Männer sech beim Old School Barbers hire Bart trimmen loossen, ee gudde Kaffi vun Coffee Bike drénken oder eppes op deenen diverse Verkafsstänn ergatteren.  Mee wat wär eng Rock'n Custom Show ouni al Gefierer an ouni Custom Bikes, a genau aus dem Grond waren de ganzen Dag flott Oldtimer an och eenzegaarteg selwer gebauten oder restauréiert Motorrieder ze bestaunen.

 Konzept vun der "Hangout Garage" ass och 2017 erëm opgaangen wat een un deene villen Participanten an awer och un den zahlreiche Visiteure konnt gesinn.

 



Opel-Hecktriebler-Treffen Lëtzebuerg

Opel-Hecktriebler-Treffen Lëtzebuerg

Zu Suessem war de Weekend vum 28 bis 30 Juli den "Opel Club Hecktriebler Letzebuerg" hiert drëtt Treffen.
Iwwer 180 Opelfrënn aus der Groussregioun hunn sech beim Schlass zu Suessem getraff fir gemeinsam bei guddem Wierder hier Gefierer de Visiteuren ze presentéieren, sech auszetauschen an zesummen de Samschden den Owend eng Oldie-Party ze feieren. 

Campe konnt een och op der Wiss beim Schlass a fir Iessen an Drénken war och gesuergt.
De Sonnden de Moien goufe Präisser a verschiddene Kategorië verdeelt.
Mir waren déi éischte Kéier op dësem Treffen an et war richteg flott wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn.

 



Journée vieille carrosserie

Journée vielle carrosserie

Fir déi 4ten Kéier huet de Minettpark Fond-de Gras hier "Journée vieille carrosserie" organiséiert. Virun der historescher Kuliss vum Fond-de-Gras an dem Train 1900 ware méi wei 150 Oldtimer, Motoen an Trakteren ausgestallt. "Frënn vum ale Stater Bus", de "Post Musée" an "Frënn vum aale Buttek" waren nëmmen en puer vun deene ville Participanten dei sech schon am Viraus ugemellt haten. All Besëtzer dee mat sengem ale Gefier komm ass krut och dëst Joer een Ticket fir mam Train 1900 ze fueren an Iess- a Gedrénksbongen.
Dat gutt Wierder huet de Sonnden 23 Juli och vill Visiteuren ugezunn fir ee flotte Familljendag am Fond-de-Gras ze verbréngen an dobäi och nach vill flott Oldtimer ze bewonneren.
Mir waren natierlech och dëst Joer dobäi an et war wei ëmmer ee gelongent Treffen a mir sinn och secher nächst Joer erëm present. An hei en puer Impressioune vun dem schéinen Dag.



33. Int. Konzer Old- und Youngtimertreffen

33. Int. Konzer Old-Youngtimertreffen

Am Kader vum Heem- a Weinfest huet den Motor Sport Club Konz  e.V. 1974 den Sonnden 16 Juli hiert Old- a Youngtimer Treffen organiséiert. Et ass déi 33sten Kéier dass um Parking vum Möbel Martin zu Konz sech iwwert 120 Gefierer sech enger Jury presentéiere fir a verschiddene 

Kategorien Präisser ze gewannen.

 

Vue dass dëst flott Treffen direkt hannert der Grenz leit, sinn natierlech vill Lëtzebuerger mat hiren Old- a Youngtimer present. De ganzen Dag iwwer kréien och déi vill Visiteure vill ze kucken an ze staunen wéi dir op eise Fotoen kënnt gesinn.



Lof Oldtimer Breakfast Us Cars Import

Lof Oldtimer Breakfast Us Cars Import

De 16 Juli huet LOF hiren Oldtimer Breakfast organiséiert. Zesumme mat hirem Sponsor „US Car Import“, de Spezialist fir importéiert amerikanesch Autoen zu Letzebuerg, hun sie all Oldtimerfans op Reisduerf invitéiert fir ee flotte Moien mateneen ze verbréngen. Wierder huet och matgespillt esou dass vill Léit de Wee op Reisduerf fonnt hun.

 

Spenden vun 1000 Euro sinn dës Kéier un Mierscher Kannerduerf gaangen. An hei en puer Fotoen vun dësem Evenement.

 



Young and Oldtimer Day Steesel

Young Oldtimer day Steesel 2017

De Steeseler Young and Oldtimer Day ass mëttlerweil ee feste Bestanddeel vun den Oldtimertreffen hei zu Lëtzebuerg.

De Sonnden 25 Juni huet Gemeng Steesel an Zesummenaarbecht mat der "Commission Jeunesse-Sports-Loisirs" vun der Gemeng all Oldtimer- a Youngtimerfans an de Centre de Loisir Norbert Melcher invitéiert fir ee flotten Dag mateneen ze verbréngen.

Eng Bourse, ee Concours d'élégance a Concerten stoungen um Programm.

An hei sinn eis Impressioune vun dem Dag.



Cry Baby #6

Cry Baby #6

Den "Gormandizers Car Club" an Zesummenaarbecht mam "Powerglide Magazin" hunn de Weekend vum 23 a 24 Juni déi 6ten Editioun vum Cry Baby zu Redange an Frankräich organiséiert.

Dëse Meeting ënnert dem Motto "Kustom Kulture" an "Hot Rod" fënnt all zwee Joer statt. Eng Woch laang sinn Organisateuren amgang fir de Site wéi an de 50er Joren ze amenagéieren: Weeër wou Léit kënne mat hiren Oldtimer iwwert de Site fueren, kleng Buden mat Bourse, Iessen an Drénken, ee Barber Shop fir Männer, ee Vintage Coiffer fir Fraleit an Zirkuszelter wou déi zwee Deeg Concerten stattfannen. Wat zum Schluss erauskënnt ass einfach faszinant: ee klengt Duerf wéi an de 50er Joren an Amerika.

Mir waren déi éischte Kéier um Cry Baby an Ambiance, awer och Gefierer aus de 40er, 50er a 60er Jore waren impressionnant. Well dëst Treffen direkt hannert der Grenz léit sinn natierlech och ëmmer vill Letzeboier dobäi. Mir hoffen dass mir iech duerch eis Fotoen déi flott Stëmmung kënnen eriwwerbréngen.



LOF Oldtimer Breakfast 1535 Creative Hub

LOF Oldtimer Breakfast 1535 Creative Hub

Den "HUB créatif 1535°", dee fréieren ARBED Site zu Déifferdeng war dëse Sonnden Treffpunkt fir deen zweeten Oldtimerbreakfast vun dësem Joer. Bei schéinem Wieder haten 190 Oldtimer, Motoen a Busser sech versammelt fir en flotte Moien an enger impressionnanter Coulisse ze verbréngen. Der LOF hire Sponsor F'Créations huet dofir gesuergt dass och jiddereen eppes fir z'iessen an ze drénke krut. Wéi all Breakfast konnt een och eppes spende fir den Télévie a fir all Gefier wat präsent war leet LOF nachmol 1 Euro an Spendecaisse. Et war ewéi ëmmer eng super Organisatioun, ee wonnerbare Site, flott Oldtimer a vill Visiteuren op dësem gelongene Breakfast. Et lount sech deen nächsten an de Kalenner anzeschreiwen: de Sonnde 16.07 vun 09.00-12.00 Auer zu Reisdorf bei US Car Import a bis dohi wënsche mir iech vill Spaass mat eise Fotoen.



RetroMeus'Auto

Retro Meuse Auto Lac de Madine

Och dëst Joer huet de Club "Les bielles Meusiennes" all Oldtimerfuerer aus der Groussregioun de Weekend vum 10 an 11 Juni op de Lac de Madine invitéiert. Déi 32sten Editioun vum "Retro Meus'Auto" war ee vollen Erfolleg: gutt Wierder, vill Visiteuren, eng grouss Bourse, Camping an natierlech Oldtimergefierer vun allen Kategorien a Länner.
Well Heudicourt-sous-les-Côtes net weit ewech ass vun eisem Ländchen trefft een och vill Lëtzebuerger déi sech dat Treffen op kee Fall wëllen entgoe loossen. Mir ware Samschdes och dohinner an hun iech en puer Fotoe vun dësem flotten Dag matbruecht.



Retromoteur Ciney

Retromoteur Ciney Belgique

Fir déi 29ten Kéier huet an der Ciney Expo vum 03.06-05.06.2017 déi gréisste Bourse vun Oldtimer an ale Motoen hier Dieren opgemaach.
Lescht Joer ware méi wei 20.000 Visiteuren op Retromoteur Ciney komm an och dëst Joer wäert et net anescht sinn: méi wei 500 Aussteller op 35.000m2 mat allem wat Oldtimerfuerer brauchen: Occasiounen, Ersatzdeeler, Dokumentatiounen, Miniaturen an nach vill mei. Fir Iessen an Drénken ass och beschtens gesuergt.
Eise Fazit: Nëmmen 1 Stonn 15 Minutte vu Lëtzebuerg ewech an de Wee lount sech op alle Fall. Fir 15 Euro Entrée pro Persoun kritt ee vill gebueden: Verkafsstänn, flott Autoen, gutt Ambiance an ee Parking direkt virun der Expo wou een och Oldtimer vun deene ville Visiteure bewonnere kann. Mir si secher nächst Joer nees dobäi. An hei en puer Fotoe fir iech ee klengen Androck vun dëser interessanter Bourse ze ginn.



ACL Classic Tour

ACL Classic Tour 2017

Zenter 17 Joer organiséiert den ACL op Christihimmelfahrt hiren ACL Classic Tour duerch Lëtzebuerg.
Dëst Joer waren 122 Young- an Oldtimer ugemellt fir een Tour duerch ganz Land ze maachen. Moies ass et lass gaangen zu Bartreng beim ACL wou jidderee Kaffi, eng Mëtsch an och „Roadbook“ krut. Um 9.15 Auer war den Départ vun dem éischten an och gläichzäiteg eelsten Auto: een Delage D8-N. Am 30 Sekonnen Takt sinn Autoen dunn op de Wee geschéckt ginn,  deen Piloten an hier Co-Pilote misste selwer unhand vun hirem Roadbook erausfannen. Vun Bartreng op Koplescht, Nouspelt, Garnech, Kënzeg bis op de Fonds de gras wou mir stounge fir ee Fotoshooting ze maache mat enger historescher aler Damplokomotiv als Hannergrond.
Mëttespaus war dunn um Belval wou all Autoen op der Place de l’Akadémie geparkt ware fir sech de Visiteuren ze presentéieren. Um 13.15 Auer goung et dunn erëm weider iwwert Monnerech, Fenteng, Duelem, Kanech, Schëtter, Buerglënster, Blaaschent bis bei Arrivée zu Dummeldeng am Park Hotel Alvisse.
Bei engem gudden Iesse sinn dann och Trophäen an Präisser de Gewënner iwwerreecht ginn a folgende Kategorien:
-eelste Pilot: Pierre Back am Chrysler Baron vun 1989
-jéngste Pilotin: Heintz Lynn am Citroën SM vun 1971
Gesammtwaertung:
1.Platz: Remmel Erwin a Remmel Mario am Alvis TA14 special sports vun 1948
2.Platz: Belardi Chris a Bernhard Gilles am Porsche 911 Carrera Cabrio vun 1984
3.Platz: Lamesch Joe  Wagner Zoé am VW Käfer vun 1973
Eise Fazit: Et war een ustrengenden Dag fir eis mee et huet sech gelount dobäi ze sinn, flott Gespréicher ze feieren a vill néi Léit kennenzeléieren. Dem ACL an hirer Equipe ee grousse Merci fir déi super Organisatioun an hiert Vertrauen an eis, mir freeën eis schon op 2018.
Vill Spass mat eise Fotoen an een extra Merci un de Carlo Zens fir déi super Fotoe aus der Loft.



LOF Oldtimer Breakfast Six Leideleng

Lof Oldtimer Breakfast Six Leideleng

Ee gelongenen a flotte Start an Oldtimersaison hate mir de Sonnden 21 Mee zu Leideleng an der Industriezon: fir déi éischte Kéier an dësem Joer huet Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun op hire Breakfast agelueden. Bei herrlechem Wieder haten sech vun 09.00 bis 12.00 Auer iwwert 180 Gefierer bei der LOF hirem Sponsor Six zu Leideleng getraff.
Fir 2 Euro konnten Léit eppes fir ze drénke kafen an eng Mëtsch iessen esou dass um Enn vum Moien bal 1000 Euro fir den Televie zesumme komm sinn. LOF huet sech bereet erkläert pro Gefier nach emol een Euro an Caisse ze leen esou dass 1200 Euro fir ee gudden Zweck gesammelt konnt ginn.
Et war schéi vill bekannten awer och néi Léit an Autoen ze gesinn a mir freeën eis op deen nächste Breakfast de Sonnden 18 Juni um ancien Site ARBED zu Déifferdeng. An hei eis Fotoe vu Leideleng.



Vespa Club Roude Léiw Expo

Vespa Expo Belle Etoile

De Vespa Club Roude Léiw feiert dëst Joer hiert 5 järegt Bestoen a fir dëst ze feiere gëtt et vum 23 Mäerz bis den 08 Abrëll eng Expo an der Belle Etoile.
Iwwer 120 Vespaen a Gefierer vun de 50er Jore bis haut kënne Visiteure bestaunen:
vill verschidde Modeller, Faarwen an och méi rar Vespae sinn an der Mall vun der Belle Etoile flott a Szene gesat.
Mir ware schonn den 22 Mäerz beim Opbau dobäi wou ganz vill vun deenen 150 Membere vum Club gehollef hunn. Op der offizieller Aweiung huet de President Dan Dos Santos de Proprietaire vun hirem Clubhaus Vespanascht geéiert an ee grousse Merci ausgesprach.
Eise Fazit: ee grousse Club mat „klengen“ Gefierer, vill motivéiert Memberen déi sammelen, restauréieren an zesumme fueren an ee President deen dëse Club nach sécher ganz vill Joren um Liewen hält.
Wei dir hei op eise Fotoe gesitt lount et sech bis an Belle Etoile kucken ze goen a mam President oder de Memberen iwwert déi ausgestallte Vespaen ze schnëssen.



Autojumble

Night of the long knives

Leschte Weekend hate méi wei 6000 Visiteuren de Wee an Luxexpo fonnt fir den alljährlechen Autojumble ze besichen. Am ganze 96 Stänn vu Cluben, Händler, Associatiounen a Shoppen hate Geleeënheet genotzt sech dem Publik ze presentéieren.
Ee vun den Highlighte vum Weekend war Ausstellung "65 Joer Pegaso". Vun dëse schéinen, deieren a raren Oldtimer waren der 4 ausgestallt, 2 koumen aus der Belsch an 2 aus Spuenien. Offiziell gouf Pegaso Ausstellung mat enger Konferenz iwwert Geschicht vun dëse seelenen Autoen um Samschden de Moien ageweit. Ee weidert Evenement gouf et um Stand vun de Stater Bussen: den "Bus 67" huet 20 Joer Bestoe gefeiert an natierlech huet do ee Kuch net dierfte feelen.
Déi schéinste Stänn vun dësem Joer ware laut Jury den ACL, op zweeter Platz den MG Car Club an déi drëtt Platz goung un de Porsche Classic Club.
Iddi vun der LOF fir een extra Parking mat 50 Platzen ze reservéiere fir Oldtimer hat grousse Succès, esou dass Visiteure scho virun der Luxexpo eppes gebuede kruten.  Alles an allem war et een erfollegräiche Weekend: nei Kontakter, vill Frënn erëmgesinn, gutt Gespréicher a vill nei Terminer an eisem Kalenner. Mir soen op dësem Wee der LOF an och eise Sponsoren "Soundselection" an der Usträaicherfirma „Bertholet et Fils“ ee grousse Merci.

An fir iech hunn mir de ganze Weekend vill Fotoe gemaach.



70 Years of Vespa

Night of the long knives

Vum 11 November 2016 bis de 05 Mäerz 2017 huet de Conservatoire National de Véhicules Historiques ( Reportage an eise "Specials") zu Dikrech a Collaboratioun mam Vespa Club Roude Léiw eng Ausstellung vun alen an neie Gefierer.
„70 years of Vespa“ ass eng kleng awer interessant Expo mat villen ale Vespaen, Bicher, Fotoen a Miniaturen an engem historesche Kader wei dir hei op eise Fotoe kënnt gesinn.