Fotoen Galerie 2016


Night of the long knives

Night of the long knives

Schonn fir déi 6ten Kéier huet den „British sports car owners“ hiren Oldtimerrallye „Night of the long knives“ organiséiert.
Den Samschden 15 Oktober vun 18 bis 23 Auer hunn am ganzen 51 Autoen un enger flotter Rallye duerch den Westen vum Land deelgeholl. Lass goung et beim Restaurant-Pizzeria il Tartufo zu Capellen iwwert Koplescht, Briddel, Stengefort erop op Buerschdref an Brouch. Arrivée war erëm beim Restaurant fir zesummen bis an Nuecht eran ze feieren an ze schnëssen.
Mir waren beim Depart dobäi an och op der Streck hunn mir Fotoen gemaach.



LOF Oldtimer Breakfast 4

LOF Oldtimer Breakfast Esch/Alzette

Als Ofschloss vun der Saison huet LOF (Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun) de Sonnde 16 Oktober op hire 4ten „Oldtimer Breakfast“ an der Foussgängerzone zu Esch agelueden.

Zesumme mat hirem Sponsor „Maison de Coiffure et de Beauté ByTun“ , dee fir Mëtschen a Kaffi gesuergt huet an der Kollaboratioun mat der Gemeng konnten déi al Gefierer sech duerch ganz Uelzechtstrooss parke fir sech deene ville Visiteuren ze presentéieren. Mir waren natierlech och dobäi a kenen iech Folgendes soen: et war ee risegrousse Succès mat méi wei 220 Autoen, Motoen, Trakteren a Militärautoen. Eng super Organisatioun vun der LOF an eng immens flott Iddi dee leschte Breakfast fir dëst Joer an der Foussgängerzone stattfannen ze loossen. Bei dem sonnege Wieder ware vill Leit kucke komm an och Passionéierter aus ganz Lëtzebuerg haten hiren Oldtimer eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Garage geholl fir op Esch ze kommen.

Ee grousse Merci un LOF an hier Sponsoren fir déi flott an erfollegräich Breakfaste vun dësem Joer a mir freeën eis elo schonn op déi nächst am Fréijoer 2017 wou mir och sécher nees dobäi sinn.



Hierscht Tour “Serge Krier”

Hierscht-Tour Randonnée “Serge Krier”

Fir Oldtimersaison 2016 ofzeschléissen huet de “Veteran & Vintage Car Club of

Luxembourg” hiren traditionellen Hierscht-Tour organiséiert, de Randonnée “Serge Krier”.

De Sonnden 09 Oktober um 09 Auer war Treffpunkt zu Léiweng beim Akafszenter fir eng Randonnée vun 92 Kilometer. Vun do aus goung et dunn Richtung Neufchef a Frankräich. No engem Mëttegiessen an enger Visite guidée vum “Ecomusée des Mines de Fer de Lorraine” goung et dunn iwwert Crusnes, mat engem kuerzen Halt bei der Kierch St.Barbe, nees zréck op Lëtzebuerg wou Arrivée am Hôtel-Restaurant Gulliver zu Bascharage war.

Eng 50 Autoe waren um Depart a mir waren owes bei der Arrivée dobäi, och wann do leider net méi all Auto dobäi war.



Bibi's Garage Re-Opening

Bibi's Garage Re-Opening

Zu Audun-le–Tiche huet de Sonnde 25.09 déi 4ten Editioun vum “Cars & Coffee” stattfond.

De ganzen Dag iwwer hate vill Proprietairë vun al Autoen a Motoen sech virun der Garage Bertucci getraff fir zesummen ze Iessen, ze Drénken an hier Gefierer ze presentéieren.

Iessen an Drénke goufen dëst Joer vun der Associatioun “G2R Endurance” garantéiert, de Kaffi a Kuch goufe vum Fussballclub “Red Angels de Rédange” zervéiert.

En puer Verkafsstänn waren och op der Platz, ënnert anerem de “Fifty Style” mat hire 50er Jore Kleeder, de “Goodies and family east coast”, de “La Foudre Speed Shop”, de “La Fripouillerie de Prisci” an de Jérome Laojia mat senge speziellen Eegekreatiounen.

Eise Fazit: ee klengt impressionnant Treffe mat schéinen Autoen, gudder Ambiance a spezielle Verkafsstänn.



Rotary Indian Summer Rallye

Rotary Indian Summer Rallye 2016

Et waren 3 Rotary Veräiner aus Däitschland, Frankräich an Lëtzebuerg déi sech zesummen gedoen hunn fir deen éischten Charity Rallye Rotary Indian Summer ze organiséieren: den Rotary Club Trier-Porta, den Rotary Thionville Porte de France an den Rotary Club Bascharage Kordall.

Am ganzen 62 Oldtimer, Sportsween an Cabrioleten hunn den Sonnden 18 September een flotten Tour gebueden kritt: lass goung et Moies ab 07.30 Auer zu Treier bei der „Alten Färberei“ wou Kaffi an Croissanten zerwéiert goufen, Kontroll vun den Dokumenter gemaach ginn ass an jiddereen säin Roadbook krut.

Nom Briefing war dunn um 09.00 Auer den Depart vun dem éischten Auto Richtung Thionville wou et dann Mëttegiessen gouf iert dunn déi zweet Etappe vun Thionville op Bascharage gefuer ginn ass. Géint 17.00 Auer koumen déi éischt Autoen op der Arrivée am Bommertbësch un wou mir live dobäi waren an iech en puer Fotoen matbruecht hunn.

No der Präisverdeelung gouf nach gegrillt an festgehalen dass deen nächsten Charity Rallye Rotary Indian Summer nächst Joer den 17.09 stattfend.



LOF Oldtimer Breakfast 3

Lof Oldtimer Breakfast

Och déi 3ten Editioun vun der LOF (Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun) hirem mëttlerweil fest etabléiertem Oldtimer Breakfast war een groussen Erfolleg: iwwert 80 Oldtimer haten sech Sonndes den 18 September vun 09.00-12.00 Auer beim APL (Auto-Parts Lëtzebuerg) zu Zéisséng getraff fir zesummen ze frühstücken. Den Familljebetrib deen schonn méi wei 50 Joer besteet an och Sponsor ass vun der LOF hat sech vill Méi gemaach an hiert Geschäft kuerzerhand an eng Buvette verwandelt: Mëtschen, Bréidercher an Kaffi goufen deenen villen Visiteuren offréiert an och un Sëtzgeleeënheeten hat een geduecht. Et huet eis wei ëmmer gefreet dass mir dobäi waren vill néi Léit kennen ze léieren vill ze schnëssen an gutt ze Iessen an mir sinn elo schonn gespaant op den leschten Breakfast fir dëst Joer zu Esch an der Akafsstrooss beim „Maison de Coiffure et de Beauté ByTun“.

An eiser Fotosgalerie weisen mir iech eis Impressiounen vun dësem Breakfast.



Exposition Peugeot Classic Club Luxembourg Belle Etoile

Exposition Peugeot Classic Club Luxembourg Belle Etoile

Säit 15 Joer gëtt et den „Peugeot Classic Club Lëtzebuerg“ an genau aus dem Grond organiséieren si vum 07-17.09 eng flott Oldtimerausstellung an der Belle Etoile.

Duerch ganz Galerie verdeelt stinn 21 al Peugeot an divers aner Artikelen vun den Peugeot Bridder déi Léit während dem Akafen bewonneren kenen.

Och mir hunn eis op den Wee an den Akafszenter gemaach, hunn vun engem Clubmember interessant Geschichten iwwert verschidden Autoen erzielt kritt an mir hunn natierlech och Fotoen gemaach.

Ausstellung ass nach bis dësen Samschden den 18 September 2016 an et lount sech definitiv bis dohin kucken ze goen.



22 Festival de la Voiture ancienne Saint Raphaël

22e Festival de la voiture ancienne zu Saint Raphaël

Mir si grad an der Vakanz op der Côte d’Azur an hu profitéiert op ee klengt Treffen vum Club „Sant Rapheu Auto Collection“ ze goen.

De Sonnde 04 September huet Club hiren 22ten „Festival de la voiture ancienne“ zu Saint Raphaël organiséiert.

Eng 200 Autoen haten sech um Hafen Santa Lucia afonnt fir sech deene ville Visiteuren ze presentéieren.

Iessen, Drénken, eng hallef Dose Verkafsstänn an eng Tombola goufen iwwert de ganze Moien ugebueden. Hei eis Fotoe vun deene flotten Oldtimer virun enger impressionnanter Kuliss.

 



LOF Oldtimer Breakfast 2

LOF Oldtimer Breakfast 2

Net manner wéi 150 Oldtimer an hier Proprietairen haten de Wee Sonndes den 21 August op der LOF (Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun) hiren 2ten Oldtimer Breakfast fonnt.

De LOF an hire Sponsor Oldtimerbus Georges Carbon haten op den alen ARBED Site zu Dummeldeng invitéiert fir Moies vun 09.00-12.00 Auer zesummen ze frühstücken.

Fir Iessen an Drénken hunn déi historesch Gefierer vum „Au Bon Marché“ an dem „Cafe Tree“ gesuergt. Ee Sprangschlass fir Kanner, eng Demonstratioun wéi een en Auto eisstrahlt an eng Ausstellung vum Georges Carbon sengen Oldtimerbusse war ee gelongene Programm fir Grouss a Kleng op engem impressionnante Site. Mir soe villmools Merci a sinn och sécher den 18 September bei dem nächste LOF Oldtimer Breakfast beim APL zu Lëtzebuerg dobäi.

An hei eis Fotoe vun dësem flotte Moien.



Volkswagen Spirit Gang

Volkswagen Spirit gang Messancy

 Ee klengt awer sympathescht VW Treffe war de Méinde 15 August fir déi 6ten Kéier um Parking vum Mc Donald’s zu Messancy.

 Organisateur vun dësem Meeting war “Volkswagen Spirit Gang” an Zesummenaarbecht mam Mc Donald’s Racing Team.

Ab 14 Auer konnt jidderee mat sengem Volkswoen ob Oldtimer oder net sech treffe fir hiren Auto ze presentéieren an ee puer flott Stonne mateneen ze verbréngen.

 Mir waren natierlech och bis dohinner luussen an hunn iech en puer flott Fotoe matbruecht.



CVM Steesel

CVM Steesel

Et war fir déi 8ten Kéier dass Associatioun “Collectionneurs de Véhicules Militaires” vu Steesel (CVM) hiren internationale Meeting am Centre de Loisir “Norbert Melcher” organiséiert hunn. De CVM gëtt et zënter 2008 an huet sech zum Ziel gemaach Militärgefierer ze sammelen, erhalen an ze restauréieren. Vum 12 bis de 14 August hate vill historesch Militärgefierer de Wee op Steesel fonnt fir sech deene ville Visiteuren ze presentéieren.

Fir Iessen an Drénke war déi 3 Deeg gesuergt an och déi eng oder aner Virféierung hunn bei guddem Wieder fir een erfollegräicht Treffe gesuergt.

Hei en puer Andréck vun eis iwwert déi schéi Gefierer.



Vintage Cars&Bikes Steinfort

Vintage Cars and Bikes Steinfort Luxembourg

Et war déi 4 Editioun vum Vintage Cars & Bikes Stengefort déi de Weekend vum 06 a 07 August stattfonnt huet. Organiséiert vum Vintage Cars & Bikes Mechanical Freaks Stengefort an Zesummenaarbecht mam Club des Jeunes Hoen/Klengbetten, dem Centre d’Incendie et de Secours an der Entente des Sociétés vun der Gemeng Stengefort.

Des Expo/Bourse huet sech an deene leschte Joren zum gréissten an erfollegräichsten Treffe vu Lëtzebuerg entwéckelt, wat méi wéi 7000 Visiteuren, vill Verkafsstänn an 900 ausgestallten Autoen, Trakteren a Motoe ronderëm de Centre Roudemer beweisen.

Och mir konnten eis Sonndes vun der flotter Ambiance an der gudder Organisatioun iwwerzeege wéi dir hei op eise Fotoen an am Interview op RTL gesitt.



Le Bug Show

Bug show Spa-Francorchamps

Wéi 1990 de “Belgian Buggy & VW Club” hiert éischt Treffe mat 200 Autoen op engem Fussballterrain organiséiert huet, huet wahrscheinlech keen domat gerechent dass et den Ufank vum gréisste loftgekillten VW Treffen an Europa wär.

1993 war déi éischte Kéier wou Treffen dunn um Circuit de Spa-Francorchamps stattfonnt huet. Dëst Joer war de Weekend vum 06-07.08 déi 24ten Editioun vun der Bug Show mat méi wei 2600 VWen aus ville verschiddene Länner: Däitschland, Frankräich, Belsch, Hollande, Éisterräich, Schwäiz, Italien, Mazedonien, England, Lëtzebuerg... Mir selwer als VW Fans kenen iech Folgendes soen: Bug Show ass einfach eppes wat een emol am Liewe muss gesinn hunn. Ambiance, Verkaafsstänn,Aussteller, Camping an natierlech de Circuit selwer ass déi ideal Mëschung fir een extraordinäre Weekend fir Passionéierter.

Wéi all Joer konnt een och op diverse Campinge ronderëm Streck campéieren a well souvill Léit dovu profitéiert hunn war et scho Freides Owes schwiereg eng Platz ze fannen. Dragster Renne stoungen um Programm an awer och Proprietairë konnte mat hirem Loftgekillten en Tour iwwert Rennstreck dréinen.

Den Highlight war natierlech Parade Samschdes Mëttes wou méi wéi 2000 Autoen zesummen iwwert Streck gefuer sinn. Sonndes krueten dann och déi TOP 20 Autoen ee Präis liwweregt.

Wieder huet dëst Joer och gutt matgespillt a bei vill Sonn hunn déi méi wéi 10000 Léit ee richteg flotte Weekend matenee verbruet. Mir freeën eis op nächst Joer a bis dohin weise mir iech déi flott Fotoen déi mir gemaach hunn a mir hoffen dass mir iech op dësem Wee en bësse vun der flotter Ambiance kenen eriwwerbréngen.



Journée vieille carrosserie

Journée vieille carrosserie Fond de Grass

Den Train 1900 AMTF (Association des musées et tourisme ferroviaires) huet de Sonnde 24 Juli hier „Journée vieille carrosserie“ organiséiert. An der spektakulärer Kuliss vum Fond-de-Gras waren um ganze Site al Gefierer ausgestallt. Vun 11.00 bis 19.00 Auer konnt ee mat alen Damp- an Diesellokomotiv fueren a gläichzäiteg déi vill Oldtimeren an engem historesche Kader bewonneren. Duerch des Kombinatioun an dat gutt Wieder si vill Visiteuren an de Minett vum Land komm fir ee flotten Dag zesummen ze verbréngen. All Besëtzer vun engem Oldtimer krut een Ticket fir mam Zuch ze fueren an een Iess- a Gedrénksbong deen ee konnt am Buffet de la Gare aléisen. Am Virfeld haten sech schonn divers Cluben ugemellt: DKW Club, Kàfer Club, Renault Oldie Frënn, Frënn vum ale Stater Bus, Bus 24 asbl, Post Musée a Frënn vum aale Buttek. Et war ee gelongent Treffe wéi dir op eise Fotoe kent gesinn.



LOF Oldtimer Breakfast 1

LOF Breakfast Luxembourg Münsbach

Zesumme mat hire Sponsoren Hotel Légère, dem Oldtimerbus Georges Carbon an dem Auto Parts Lëtzebuerg organiséiert Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun dëst Joer 3 Oldtimer Breakfast fir all Besëtzer vun ale Gefierer.

Deen éischte war de Sonnde 17 Juli vun 09.00-12.00 Auer virum Hotel Légère zu Mënsbech. Gutt Wieder, eng flott Ambiance an ee leckert Frühstück waren eng perfekt Kombinatioun ewéi dir hei op eise Fotoe kent gesinn.

Mir si sécher den 21.08 beim Oldtimerbus Georges Carbon zu Dummeldeng an den 18.09 beim APL zu Lëtzebuerg erëm dobäi.



Automania 57 Freistroff

Automania 57 Freistroff

Ee vun deene flottsten a gréissten Oldtimer, Youngtimer a Moto Treffen aus der Groussregioun war de Sonnden 10 Juli zu Freistroff a Frankräich.

De Club Automania 57 Bouzonville huet all Besëtzer mat hiren ale Gefierer an Schlass St. Sixte invitéiert fir ee relaxen Dag mateneen ze verbréngen.

Den Meeting gouf wéinst dem schlechte Wieder op den 10 Juli verréckelt an et huet sech erausgestallt dass dëst eng super Entscheedung war: bei 30 Grad a vill Sonn waren iwwert 1300 Autoen a 4000 Visiteuren op Freistroff komm. Nom Motto „déi schéinsten Däitscher“ sinn dëst Joer 90 Joer Mercedes an 100 Joer BMW gefeiert ginn, awer och Amerikaner ware mat villen Autoe vertrueden.

Eng kleng Bourse, Buvetten an Iessstänn ronderëm Schlass an di vill al Autoen hunn ganz vill flott Fotoen ervirbruecht.



Make a Wish Luxembourg

Make a Wish Mondorf les Bains Luxembourg 2016

 „Make a wish a.s.b.l“ ass zënter 4 Joer den Organisateur vum „Concour d’élégance“ zu Mondorf.

De Weekend vum 02 an 03 Juli ware vill Autoen a Motoen am Parc vum Domaine termal ausgestallt. Den Erléis vun dësem Evenement geet integral un Stëftung „Make a wish“ déi schwéier kranke Kanner aus Lëtzebuerg hier gréisste Wënsch erfëllen. Lescht Joer waren et am ganzen 12 Kanner deenen hire Wonsch konnt erfëllt ginn.

Och dëst Joer ware modern an al Autoen, Motoen a vill Stänn duerch de Park verdeelt. Bei guddem Wieder haten och vill Visiteuren, déi de ganze Weekend ee flotten Animatiounsprogramm gebuede kruten, de Wee op Mondorf fonnt. Et goufen och en puer Specials: Ferrari & Friends Luxembourg a.s.b.l haten eng dosen Autoen ausgestallt, den Dragster „Predator“ wousst ze beandrocken an Alfa Romeo war mat villen Autoen op der Platz.

Mir hunn eis dësen Event net entgoe gelooss an iech en puer flott Fotoe matbruecht.



Tour de Luxembourg by VVCCL

Veteran & Vintage Car Club Lëtzebuerg

De Veteran & Vintage Car Club Lëtzebuerg huet de Sonnden den 02 Juli hire „46ème Tour de Luxembourg pour voitures historiques“ organiséiert.

Iwwer 40 Autoen haten sech fir de flotten Tour duerch den Norde vu Lëtzebuerg ugemellt deen dëst Joer just iwwert een Dag gaangen ass.

Lass goung et Moies um 08 Auer um „Centre de Formations pour Conducteurs“ um Comar-Bierg. Am Restaurant Neptwone huet jiddereen seng Borddokumenter, ee Kaffi an ee Croissant kritt. Deen éischten Auto ass um 09.30 Auer gestart Richtung Noerdange wou eng Visite vun der Gare an den Apero ugebuede goufen. Duerno goung et weider op Harel wou och zu Mëtteg giess ginn ass. Géint 14.30 Auer war dunn nees Depart fir Richtung Colmar-Bierg. Als speziell Challenge huet een ënnerwee misste verschidde kulturell Ecker aus dem Land sichen an opschreiwen a wei engem Duerf déi ze fanne sinn. Et goufen zwou Variante fir dësen Tour ugebueden: ee klengen Tour vun ongeféier 90 km fir di ganz al Gefierer an ee méi groussen Tour vu bal 250 km fir déi aner Oldtimer. Um 17.00 Auer sinn Autoen dunn erëm um Colmar-Bierg ukomm fir Präisiwwerreechung an zesummen zu Owend ze iessen.

An eiser Galerie gesi dir en puer Autoen di deen Tour matgefuer sinn.



Steseler Young & Oldtimer Day (lu)

Steseler Young & Oldtimer Day Letzebuerg

Et war déi zweete Kéier wou Gemeng Steesel op hire Young and Oldtimer Day agelueden huet. Bei guddem Wieder haten sech vill Besëtzer mat hiren Autoen am Centre de Loisir “Norbert Melcher” getraff déi och all um “Concours d’élégance” matgemaach hunn wou et dräi Präisser ze gewanne gouf: dee schéinste Youngtimer, Oldtimer an de Präis vun der Jury.

Verschidden Associatioune vun der Gemeng hunn sech em Iessen an Drénke gekëmmert, lëtzebuerger Marching Band huet de ganzen Nomëtteg fir Animatioun gesuergt an och puer Stänn waren do fir all déi vill Visiteuren ze begeeschteren.

 Am spéiden Nomëtteg huet dunn och nach de Rotary Castle Tour mat 160 Autoen ee kuerze Stop zu Steesel gemaach. Alles an allem war et ee gelongenen Dag an och Platz wou dëse Meeting stattfonnt huet war perfekt wéi dir op eise Fotoe gesitt.



9ème Aircooled Meeting Frahan (be)

9ème Aircooled Meeting Frahan Belge

9ème Air Cooled Meeting Frahan-sur –Semois

Fir déi 9ten Kéier huet de Mater Cooled hiren alljährlechen Air Cooled Meeting zu Frahan-sur-Semois beim Hotel-Restaurant Beau-Séjour organiséiert.

De Weekend vum 25 a 26 Juni hu ronn 116 loftgekillte VW de Wee a Belge fonnt fir zesummen divers Aktivitéite mateneen ze erliewen: eng Tombola, Top 10, best of show, Iessen an drénken an zwee flott Toure mat den Autoen duerch Regioun. Och wann Wieder et Samschdes Moies net esou gutt gemengt huet war et fir den Organisateur een erfollegräiche Weekend.

An hei eis Fotoe vun deene schéinen Autoen déi en Samschden dobäi waren.



Retro-Meuse-Lac de madine(fr)

Retro Meuse Lac de Madine Frankreich

De Weekend vum 11 an 12 Juni huet de Club „les bielles meusiennes“ op hiren 31ste „Retro meus’auto“ op de Lac de Madine invitéiert.

Dësen Oldtimermeeting ass ee vun deene gréissten a Frankräich an aus der Groussregioun Lëtzebuerg an och mir, esou wei nach vill aner Lëtzebuerger hate mat eisen Autoen de Wee op de Séi fonnt. Méi wei 2000 Autoen, eng Bourse vu bal 100 Stänn, Iessen- a Gedrénksbuden an ee Karussell fir Kanner konnten de ganze Weekend ronn 20.000 Visiteuren trotz dem vereente Samschdeg begeeschteren. Ee Renault Supercinq TC vun 1985 gouf et ze gewannen, Eierenautoe waren dëst Joer Peugeot 203 a 403 an als besonnesch Attraktioun konnt en och eng Ronn dréine mam „Fardier vu Cugnot“. Eng Reportage iwwert de „Fardier vu Cugnot“ fann dir an eise „Specials“ déi nächst Deeg, an hei en puer Fotoe vum Meeting.



Young&Oldtimer Meeting Harel

Young & Oldtimer Meeting Harel

En Sonndeg den 29 Mee huet de Club „Chaoten am Dingscht“ aus dem Norde vu Lëtzebuerg hiren éischte Meeting vu Young&Oldtimer zu Harel organiséiert.

Natierlech wollte mir als Old-Rides dest Treffen op kee Fall verpassen. Eng 50 Autoen a vill Léit haten sech deen Dag an den Norden deplacéiert trotz dem onbestännege Wieder.

Ee Grillstand, eng Buvette awer och de Verkaf vu Miniaturautoen hunn net dierfte feelen. Street Parts wor och mat engem Stand vertruede.



Retro-Tiseurs Serrouville (fr)

Retro Tiseurs Serouville Frankreich

De Weekend vum 21 an 22 Mee hat de Club "Rétro-Tiseurs" hiren 9ten Oldtimer Treffen organiséiert. Bal 500 Autoe woren déi 2 Deeg um Site vun der klenger Flugplaatz bei Serrouville, 15km hannert der Grenz vun Esch Uelzecht.

Wei all Joer gouf et an der Tombola, fir 2 Euro den Lous, een restauréierten Auto ze gewannen, dëst Joer wor dat ee giele Renault 4.

Ee Karussell, Sprangschlass, Oldtimer Bourse, Grill, Buvette, sonnegt Wieder an eng gutt Stëmmung woren Rezept fir ee flotten Treffe fir Grouss a Kleng. Och nächst Joer steet dëse Meeting schonn an eisem Programm an da gëtt et een restau réierte Fiat 500 ze gewannen.

Hei gesi dir en puer Impressioune vun dem flotten Treffen.



Cox Show Molsheim (fr)

Molsheim Cox Show Frankreich

Cox Show ass wei den Numm et seet en Käfer a Aircooled Meeting zu Molsheim an der Alsace, wou och Bugatti hiere Firmensetz huet. Ganzt Duerf gëtt zou gemaach fir dësen Treffen sou dass iwwerall Autoen ausgestallt kene ginn. Dëst Joer woren an deenen 3 Deeg 596 Autoen aus der Schwäiz, Frankräich, Belge,, Tschechoslowakei an natierlech woren och Lëtzebuerger mat enger dosen Autoe vertrueden. Deen eelsten Auto war ee KDF Käfer (Kraft durch Freude) aus dem Joer 1941.

Hei en puer Ablécker vun dem Meeting.



ACL Classic Tour 16'

ACL Classic Tour Letzebuerg

Déi 16ten Editioun vum ACL Classic Tour wor en Tour an der Groussregioun Lëtzebuerg vun 260 km mat 120 aalen Autoen um Depart. Deen eelsten Auto dëst Joer war ee Bugatti vun 1937.

Lass ass et gaangen zu Munneref beim Casino, Richtung Colmar-Bierg fir Mëtteg Paus an een Tour um Circuit an zum Schluss weider op Iechternach fir Arrivée mat schéinem Wieder a villen Zuschauer.

An eiser Galerie fann dir puer Fotoe vun dem Moment.