Den fardier de Cugnot


Le Fardier de Cugnot

Den Nicolas Joseph Cugnot, gebuer de 26.02.1725 zu Void an der Meuse, war een Ingenieur an Erfinder dee fir de Militär geschafft huet. Teschend 1769 an 1771 huet hien am Optrag vum Duc de Choiseul den éischten Automobil vun der Welt gebaut. Ee Fardier dee mat Dampkraaft ugedriwwe ginn ass. Insgesamt huet de Cugnot 2 Fardiere gebaut: deen éischten an enger verklengerter Versioun 1769 wouriwwer awer allerdéngs net vill bekannt ass. Deen zweete gouf 1770 getest an en war méi grouss wéi säi Virgänger. Mat 2 Zylinderen, enger Längt vu 7,32m, enger Breet an Héicht vun 2,20m, engem Ratstand vun 3,42m an engem Gewiicht vu bal 3,5 Tonne konnt dëse Fardier mat 4-5 Stonnekilometer fueren. Et huet sech awer erausgestallt dass dësen Dampwon net einfach ze bremsen war well eng eenzel Bremspedal bei dem Gewiicht an biergoof einfach net wirksam genug wor. Wei dëse Fardier dunn awer 1771 getest sollt ginn ass den Duc de Choiseul am Krich gefall an den Dampwon ass 30 Joer laang an den Atelieren zu Paräis a Vergiessenheet geroden. Nodeems en zweemol während der franséischer Revolutioun gerett konnt gi steet dem Nicolas Cugnot säi Fardier vun 1800 un am Musée des Arts et Métiers zu Paräis.
Duerch Gemeng Void-Vacon an der Zesummenaarbecht mat dem Musée des Arts et Métiers gouf dunn 2007 decidéiert dem Nicolas Cugnot säi Fardier originalgetrei nozebaue fir och ze beweisen dass een domadder fuere kann. Den Nobau gëtt zu Void-Vacon am Februar 2010 ugefaangen an no 5 Méint, am Juli 2010 ginn di éischt Testfahrte lancéiert.
Während der „Journée du Patrimoine“ den 18 September 2010 fend di éischt offiziell Fahrt mam Fardier vu Cugnot natierlech zu Void-Vacan statt. Zenter dem September 2009 gëtt et och ee Veräin deen sech als Aufgab geholl huet de Fardier ze ënnerhalen, mat Liewen ze fëllen an och de Leit ze presentéieren. Dëst hunn se dann och dëst Joer um Lac de Madine gemaach a Léit waren all begeeschtert well et konnt ee souguer een Tour mam Fardier matfuere wéi dir hei op eise Fotoe gesitt. Wann dir nach méi iwwert de Fardier vu Cugnot an de Veräin wësse wëllt da gitt mol op hiren Internetsite kucken. Do fann dir och eng detailléiert Beschreiwung wei deen 2 Zylindermoto genau funktionéiert.

 

www.lefardierdecugnot.fr

 

Text an Fotoen by : old-rides.lu