Mercedes Benz Museum


Lescht Joer am Mee ware mir den Dag vun hirem 10järegen Jubiläum an den Mercedes Benz Musée op Stuttgart.

130 Joer Automobilgeschicht op 9 Etagen, 16500 m2 Ausstellungsfläch fir 160 Autoen an 1500 Exponate. Als éischt fiert een mat engem Lift, deen an der Mëtt vun der Agangshal ass bis op den 9ten Stack wou dann eng Zäitrees duerch all Epochen vun der Automobilgeschicht op een waart, ugefaangen am Joer 1886.

Regelméisseg wiesselen verschidden Ausstellungen, op all Etage sinn dofir speziell Raimlechkeeten virgesinn. Mir waren 4 Stonnen am Musée an et entdeckt een ëmmer nees nei Saachen déi een kucken kann. Nodeems en dann zum Schluss erëm um Rez-chaussée ukënnt kann een nach en Tour maachen an hirem Muséeshop oder e Kaffi drénken an hirer Cafeteria.

Eisen Fazit: Gebai vun baussen ass schonn impressionnant mee dat ass nach näischt am Verglach wat een dobannen alles erwaart wei dir op eisen Fotoen kënnt gesinn. Dëse Musée ass een MUST fir all Autofan.