Porsche Museum Stuttgart


Op eisem Tour lëscht Joer am Mee ware mir och op Besuch am Porsche Musée zu Stuttgart.
Den 31 Januar 2009 huet dësen impressionnante Musée seng Diere fir de Publik opgemaach.
Méi wei 80 Autoen a vill aner Exponate kënnen Visiteure bestaunen. Et ginn och regelméisseg besonnesch Ausstellungen ugebueden zu verschiddenen Themen oder Jubiläumen.


Scho wann een an de groussen Agangsberäich erakënnt spiert een dee besonnesche Flair vun der Mark: alles ass wäiss gehalen a ganz modern. Fir de Rondgang duerch dëse Musée ze starte muss een als éischt mat der Rolltrap op den éischte Stack fueren. Vun 1898 un bis haut gëtt ganz Geschicht vu Porsche interaktiv a visuell erkläert an och de Rennsport duerf natierlech net feelen.
Jiddereen op grouss oder kleng kënnt hei op seng Käschten an no der Visite kann een an der Kaffebar „Boxenstopp“ eng kleng Stäerkung genéissen.


Porsche bitt och nach nieft dem Muséebesuch eng Féierung duerch hiert Wierk un, dëst muss een awer am Viraus reservéieren.
Eise Fazit: ee modernen, impressionnante Musée deen net nëmme Porschfuerer begeeschtert wéi dir op eise Fotoe kënnt gesinn.