Tracteurs Nostalgie De Leederwon a.s.b.l.


Nach bis de 26 August 2017 kënnt dir an der Belle Etoile eng nostalgesch Trakterausstellung bewonneren.
De „ Leederwon a.s.b.l. “ ass den Haaptorganisator vun dëser Ausstellung. Op dësem Wee ass et eis wichteg kuerz anzegoen op Aarbecht vum „Leederwon“: am Februar 2008 gouf dës a.s.b.l. zu Betzder gegrënnt fir hei am Land Therapie „Huifbedrijden“ unzebidden. Beim „Huifbed“ handelt sech em eng Rumm dei un 3 Rieder befestegt ass. An dëser Rumm stinn zwee Päerd iwwert déi een Duch gespaant as wou de Patient dropgeluecht gëtt. Op dem Wee gëtt de Kierper, wann Päerd am Schrëtt trëppelt, dräidimensional beweegt waat dozou feiert dass Léit sech entspaanen an Stress ofbauen. Ausstellung an der Belle Etoile erméiglecht et der a.s.b.l. mei bekannt ze ginn an op hier Therapie opmierksam ze maachen.
Päerds an Trakterfrënn vun Kënzeg, privat Sammler, de Musee Thillenvogtei Rindschleiden, an "Histoire de la Machine Agricole Heiderscheid" hun 40 al Trakteren an landwirtschaftlech Maschinnen an Shoppingmall bruecht an op nostalgesch Aart an Weis an Zeen gesaat wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn. Miniaturtrakteren vum Emmanuel Bernard senger Kollektioun sinn och a verschiddenen Vitrinen ze bestaunen.