· 

Conservatoire National de Vehicules Historiques

Den Conservatoire national de véhicules historiques zu Dikrech huet een néien President an och ee néit Konzept: fir den Musée méi attraktiv ze maachen an och net ëmmer déi selwecht Gefierer an der Ausstellung stoen ze hunn wëll een mam iwwerschafften Konzept méi spezifesch Ausstellungen mat verschiddenen Themen an den CNVH eran bréngen an op deem Wee och méi mat Veräiner an Cluben zesummen schaffen. All 6 Méint ginn et dann néi Gefierer am CNVH ze entdecken. Lass geet et am Moment mat enger Ausstellung zum 20sten Gebuertsdag vum Mercedes-Benz Club Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam der Merbag Grupp mam Thema „Mercedes-Benz zu Lëtzebuerg“.
Et ass zënter der Fermeture vum Garage Wagner En den 90er Joer déi éischte Kéier dass am Gebai just nëmmen Mercedes Gefierer ausgestallt sinn.
Eisen Fazit: Nach bis den 15 Mee kënnt dir dës super flott Ausstellung kucken goen déi mat vill flotten Oldtimer, Geschichten, Miniaturautoen, Filmer an Fotoen Geschicht vun Mercedes Benz erzielt an weist. Déi néi Opmaachung vum Musée ass wierklech gelongen an ech denken dass mir vun dëser Equipe an dem President Georges Carbon nach vill flott Ausstellungen kënnen erwaarden.

 

www.cnvh.lu/