2024

LOF Oldtimer Dag
2024 · 28.04.2024
De Samschde 27 Abrëll war zu Gréiwemaacher déi 3ten Editioun vum Maacher Oldtimer-Dag, organiséiert vun der Stad Gréiwemaacher an der Lëtzebuerger Oldtimerfederatioun. Maacher Foussgängerzon, Moartplaz an de Parking Laangwiss ware fir Oldtimer, Youngtimer an een oder den anere Stand reservéiert.

LOF Oldtimer Breakfast ANG Automotive
2024 · 22.04.2024
Ee Must fir all Oldtimerfans aus dem ganzen Land, deen éischte Breakfast vun der Saison stoung de Sonnden 21.04 um Programm. Den Optakt vun der Breakfast Saison war dëst Joer bei eisem Sponsor Atelier Nic. Georges a se haten sech wei ëmmer ganz vill Méi gemaach: fir jidderee gouf et Mëtschen, Kaffi, Téi a Schockelas Mëllech. Wann e Loscht hat konnt en eran a Garage goen a kucke wat den Atelier Nic. Georges u Servicer ubitt.

Car-Sonndig - Oldtimer om Moart
2024 · 31.03.2024
Um Ouschtersonndeg steet am Kalenner vun all Oldtimer- a Youngtimerfan ee mëttlerweil traditionellt Treffen um Programm: de Car-Sonndig-Oldtimer um Moart. Dëst Joer war Maartplaz erëm gutt gefëllt mat villen schéine Gefierer déi Visiteure bestaune konnten. Awer net nëmmen op der Maartplaz mee och nach an de Stroossen ronderëm Maartplaz stoungen Oldtimer a Youngtimer fir ze bewonneren. Organisatioun war och dëst Joer erëm virbildlech...

Autojumble
2024 · 17.03.2024
ndlech war et nees souwäit: no engem Joer Paus war de Weekend vum 16 a 17 Mäerz den Autojumble an der Luxexpo. Vill Clibb haten dësen Event genotzt fir sech deenen villen Visiteuren ze presentéieren.