2024

Hullabaloo at the Lake
2024 · 08.07.2024
Et war déi éischte Kéier dass den RMF (Recycled Motorized Force) den Hullabaloo at the Lake organiséiert huet. De Weekend vum 05-07 Juli waren all Hotrod, Kustom Cars, Harley & Indian Showcase Fans aus ganz Europa hei vir a Frankräich op de Camping Malling invitéiert fir ee flotte Weekend mateneen ze verbréngen.

Grand Prix de Bettembourg
2024 · 30.06.2024
Den éischte Samschden am Juli ass fest reservéiert fir de Grand Prix de Bettembourg, organiséiert vum Lions Club Luxembourg an dem Sporting Club Luxembourg. De klenge Rallye deen nëmme Samschdes Mëttes stattfënnt fir all Sportcars, Oldtimer a Youngtimer ass ëmmer komplett ausgebucht.

Afterwork by Lio's Burger
2024 · 29.06.2024
De Freiden 28.06 war zu Walfer bei eisem Sponsor Lio's Burger deen éischten Afterwork vun der Saison. Och 2024 schéngt Konzept vum Afterwork mat leckere Burgeren, live Musek an dës Keier och mam Foodtruck Amore al dente opzegoen: vill Autobegeeschterter hunn sech niervt der Q8 getraff fir e relaxen Owend bei schéinem Wierder mateneen ze verbréngen. Mir waren och bei de Lio an hunn iech e puer Fotoe matbruecht.

2024 · 03.06.2024
Zesumme mam Ciné Sura an Pièces automobiles Claes Laurent haten mir den 01/06/2024 een Oldtimerkino zu Iechternach organiséiert. Dir hat entscheet dass mir deen Owend dem Andy Bausch säi Film "Troublemaker" spillen. Och den Andy Bausch war bei eis op Besuch komm. Mat en bëssen Verspéidung, hei eis Fotogalerie vum Oldtimerkino

Mariestads Fordonshistoriska Sällskap
2024 · 27.05.2024
Wéi mir elo a Schweden an Vakanz waren hate mir ee klenge Stopp zu Mariestad gemaach wou all Donneschden Owend ee klengt Oldtimertreffe stattfënnt. Mir hunn ganz flott Oldtimer gesinn a sympathesch Gespréicher gefouert um Holmenträffen organiséiert vum Mariestads Fordonhistorika Sällskap.

Classic Day Schetter
2024 · 26.05.2024
Direkt zwee Deeg hannertenee war de Weekend vum 25 a 26 Mee Classic Days Schëtter. Konzept vum lëschte Joer gouf bäibehale mat enger Ausstellung vun aktuellen an ale Rennautoen an engem schéine Parking fir Young- an Oldtimer. Och eise Sponsor Atelier Nic Georges hat ee grousse Stand um Treffen. De Catering gouf mat verschiddene n Stänn a weidere Foodtrucken ausgebaut an den ACL hat eng Cartingspiste

LOF Oldtimer Dag
2024 · 28.04.2024
De Samschde 27 Abrëll war zu Gréiwemaacher déi 3ten Editioun vum Maacher Oldtimer-Dag, organiséiert vun der Stad Gréiwemaacher an der Lëtzebuerger Oldtimerfederatioun. Maacher Foussgängerzon, Moartplaz an de Parking Laangwiss ware fir Oldtimer, Youngtimer an een oder den anere Stand reservéiert.

LOF Oldtimer Breakfast ANG Automotive
2024 · 22.04.2024
Ee Must fir all Oldtimerfans aus dem ganzen Land, deen éischte Breakfast vun der Saison stoung de Sonnden 21.04 um Programm. Den Optakt vun der Breakfast Saison war dëst Joer bei eisem Sponsor Atelier Nic. Georges a se haten sech wei ëmmer ganz vill Méi gemaach: fir jidderee gouf et Mëtschen, Kaffi, Téi a Schockelas Mëllech. Wann e Loscht hat konnt en eran a Garage goen a kucke wat den Atelier Nic. Georges u Servicer ubitt.

Car-Sonndig - Oldtimer om Moart
2024 · 31.03.2024
Um Ouschtersonndeg steet am Kalenner vun all Oldtimer- a Youngtimerfan ee mëttlerweil traditionellt Treffen um Programm: de Car-Sonndig-Oldtimer um Moart. Dëst Joer war Maartplaz erëm gutt gefëllt mat villen schéine Gefierer déi Visiteure bestaune konnten. Awer net nëmmen op der Maartplaz mee och nach an de Stroossen ronderëm Maartplaz stoungen Oldtimer a Youngtimer fir ze bewonneren. Organisatioun war och dëst Joer erëm virbildlech...

Autojumble
2024 · 17.03.2024
ndlech war et nees souwäit: no engem Joer Paus war de Weekend vum 16 a 17 Mäerz den Autojumble an der Luxexpo. Vill Clibb haten dësen Event genotzt fir sech deenen villen Visiteuren ze presentéieren.