Kommentare: 53
  • #53

    Martin (Samstag, 16 März 2024 15:30)

    Thank you for supplying me advanced tickets for the oldtimer show at lux expo. We had a great time …. Passed by your stand but you were very busy in conversation with others & we did notwant to disturb you !!
    Merci , Martin + amis !!

  • #52

    HAAS Rene (Dienstag, 31 Oktober 2023 13:03)

    Villmools Merci fir déi flott Iddi mat de Fotoen op Alu - eng ganz gelonge Saach an TOP-Qualitéit ! Mir si begeeschtert.

  • #51

    Steve Melsen (Montag, 25 September 2023 06:14)

    Ech muss emol merci soen fir är gudd Aarbecht an déi flott Fotoen wou daer emmer macht :-)

    Déi lescht Néierung mat der Drohne fannen ech staark, sou kommen emol aaer Perspektiven zum Vorschein, T O P

    LG

  • #50

    Mike Bintz (Samstag, 22 Oktober 2022 04:14)

    Top Service,
    En Mettwoch Tix bestallt an Donneschtes schon an der Boite.
    Merci

  • #49

    Claude Schwartz (Mittwoch, 21 September 2022 16:19)

    Super Fotoën. En decke Merci fir är vill Aarbecht a fir de flotten Event.

  • #48

    Claudio (Mittwoch, 21 September 2022 08:32)

    einfach Super aer Fotoen

  • #47

    Christian Thill (Sonntag, 18 September 2022 01:49)

    All Respekt fier déi top Aarbescht wou dier ierch emmer erem maacht. Leidenschaft an Hobby erweidert. Top.
    Emmer frendlech. Kann ech nemmen weider empfehlen

  • #46

    Knaff Jim (Donnerstag, 09 September 2021 13:16)

    Merci fir déi flott Geléenhéet eis Gefierer an ärer 'Matchbox' Bühn présentéiert ze hun.... Een groussen merci och un all déi léif Leit déi do matgehollef hun. Jim

  • #45

    Gaiardo Marco (Sonntag, 05 September 2021 04:01)

    Super Event zu Lasauvage, schein Maschinen, vill ze kukken, Chapeau vir'd Organisateuren!
    I'll be back!

  • #44

    Laurent (Mittwoch, 18 August 2021 08:56)

    Merci fir dei schein Foto vom Oldtimerbrunch beim Georges Carbon.
    Leiw Greiss
    Laurent

  • #43

    Cecile Meyer (Freitag, 21 Mai 2021 10:47)

    Merci fir déi flott Stickeren,déi mer haut kritt hun an hoffentlech bis geschwenn mol erem.

  • #42

    Josiane (Dienstag, 21 Juli 2020 08:08)

    Hun lo grad dei flott Fotoen vun Leideleng kritt����suuuuuuper. MERCI���

  • #41

    Mar Reding (Mittwoch, 06 November 2019 10:10)

    Villsmols Merci fir dei flott Foto vun mengem TR7 um Bruch beim Georges Carbon

  • #40

    Fernand Goldschmit (Mittwoch, 06 November 2019 04:01)

    E schéinen Daag, an e flotte Souvenir a Form vun Äerer gelongener Foto vu mengem grengen Oldie. Dir sidd eng sympatesch Equipe déi matt hiren gudden Fotoen bei esou Evenementer nët méi ewech ze denken ass.

    MERCI.

    Anny a Fernand

  • #39

    Jean Bour (Dienstag, 05 November 2019 03:53)

    Elo just meng Foto krit, déi dir bei der Firma Carbon mat eisem Ford Mustang gemaach huet.
    Villmols merci fir déi flott Foto vum Oldtimerbrunch .
    Villmols Merci

  • #38

    Frank Hoffmann (Montag, 04 November 2019 10:11)

    Viiiilmols merci.
    Foto woer Haut ann der Boîte vum Oldtimer Breakfast beim Georges Carbon.
    Eng cool Equipe sidd Dier alleguerten.

  • #37

    Kremer Marcel (Montag, 28 Oktober 2019 12:55)

    Villmols merci fir dei schein Fotoen.
    Macht weider esou.
    BG
    Marcel & Yan

  • #36

    Arthur Sxhonckert (Samstag, 26 Oktober 2019 02:42)

    Aer schéi Föto huet mir vill Freed gemaach �!! Villmols Merci!! LG

  • #35

    Michael Fuchs (Freitag, 25 Oktober 2019 03:52)

    Vielen Dank für das Foto von unserem Pontiac.
    Wir hatten einen schönen Tag auf eurem Treffen.
    Liebe Grüße aus dem Saarland
    Michael und Marina

  • #34

    Roby B (Donnerstag, 24 Oktober 2019 14:31)

    Villmols merci fir d'Foto vum Fiat 131 beim LOF Oldtimer Day!!! :-)

    Bis geschwenn.

    MfG,
    Roby B

  • #33

    Nadine Meyer (Montag, 21 Oktober 2019 14:43)

    Merci vir di Super Foto, an iwerhaapt di schéin Fotoen wou d'Sandy emmer vun eisen Oldien iwerall mëcht �

  • #32

    Rom Mullesch (Sonntag, 20 Oktober 2019 05:46)

    Villmols merci fir déi flott Foto vum Oldtimerbrunch beim Georges Carbon

  • #31

    Alain Vandivinit (Samstag, 19 Oktober 2019 16:30)

    Merci fir dei schéin Foto vum Oldtimerbrunch beim Georges Carbon.

  • #30

    Pierre Levy (Samstag, 19 Oktober 2019 03:16)

    Grousse Merci fir déi cool Iwwerraschung, Ginn an d'Bréifkëscht a fannen eng Foto mat mengem MG....

  • #29

    Robert Haas (Donnerstag, 17 Oktober 2019 17:01)

    Superflott Foto. E grousse MERCI ❤️ Bei denen enge bezillt een fir eng Photo a kritt keng, bei Iech bezillt een naïscht a kritt einfach esou eng schéi gescheckt.
    Wow � daat huet Stil.

  • #28

    Georges Misteri (Donnerstag, 17 Oktober 2019 07:49)

    Villmols merci fir di scheen Photo vun menger bianchina speciale .
    Merci old-rides an Georges Carbon.

  • #27

    Yan (Mittwoch, 16 Oktober 2019 12:30)

    Sympathesch Leit, wou och nach gudd Foto'en maachen! Ëmmer erem gären!

  • #26

    Alain (Mittwoch, 16 Oktober 2019 11:52)

    Villmols merci fir déi schèin Fotoen an déi ganz Arbescht die dir iech macht���

  • #25

    Fred a Manon Michaelis (Mittwoch, 16 Oktober 2019 04:57)

    Mir wollten ierch villmols Merci soen fier deen scheine Souvenirs vum Oldtimer-Breakfirst deen der eis gescheckt hutt.
    Aer Initiativ fier Oldtimer eng schein Plattforme ze bidden kann een nemmen ennerstetzen!
    Weider esou!!!
    LG
    Fred a Manon

  • #24

    Manu (Mittwoch, 16 Oktober 2019 04:01)

    Super. Merci fir dei schein Foto.

  • #23

    MARX Joel (Mittwoch, 16 Oktober 2019 03:53)

    Salut
    Hun haut är Foto kritt vu mengem Auto.
    Villmols merci dofir se gesäit richteg gutt aus.


    Renault Estafette TYRRELL

  • #22

    Dan (Mittwoch, 16 Oktober 2019 03:20)

    Merci fir déi schein Foto zu Dummeldeng.Gratuléieren och zu der gudder photografescher Couverture dëi dir denen Oldtimereventer gidd.

  • #21

    Georges Stammet (Dienstag, 15 Oktober 2019 11:37)

    Villmools MERCI fir di super Foto um Oldtimer Brunch beim Georges Carbon op séngem Site.
    En onvergiesslechen Souvenir un e flotten Dag.
    BRAVO a MERCI Sandy a Steve.

  • #20

    Muller Pierrot (Dienstag, 15 Oktober 2019 10:44)

    Super Foto. Villmols Merci .

  • #19

    Boris Zikes (Dienstag, 15 Oktober 2019 10:31)

    Merci, Vir dei leif Photo vun mengem Gielen Kadett C dei dir mir haut gescheckt hutt um Dach beim Georges Carbon ;-)

  • #18

    Mousel Aly (Dienstag, 15 Oktober 2019 06:06)

    Elo just meng Foto krit, déi dir brim Carbon mat eisem VW Cabrio gemaach huet.
    Super Idee virun déem aalen Schapp.
    Weider esou, dir sidd einnfach "The Best"
    Ët ass ëmmer eng grouss Freed fir äer Fotoen ze kucken, an dir sidd praktesch bei all Event präsent.
    Merci Sandy an Merci Steve

  • #17

    Josiane (Dienstag, 15 Oktober 2019 04:39)

    Haut meng Foto kritt vun mengem Mini zu Dummeldeng: merci fir dei flott Idee !

  • #16

    Feiereisen Lucien (Dienstag, 15 Oktober 2019 04:38)

    Merci pour la belle photo de ma R 5 GT Turbo.

  • #15

    Angie Louis-Enders (Donnerstag, 26 September 2019 16:49)

    Merci fir är Präsenz op deenen villen Eventer duerchtert Land an dei mega schein Fotoen :-)

  • #14

    Josiane (Samstag, 24 August 2019 15:03)

    Ganz schein a flott Fotoen. Emmer nees derwäert fir direkt ze kucken!

  • #13

    Meyer Cecile (Montag, 19 August 2019 15:00)

    Wéi emmer ganz flott Fotoen vun enger gudder a symphatescher Equipe.Ech sin emmer ganz begeeschtert vun deene ville,schéinen Autoen,déi et zu Letzebuerg gett an déi emmer rem de Wée op de Breakfast fannen.Maacht roueg sou weider!! ���

  • #12

    Gengler Dan. (Montag, 19 August 2019 14:45)

    Super , är Foto‘en sin top
    Esou wéi mir et seit je her vun iech 2 gewinnt sin !!!!

  • #11

    Pol Höfliger (Montag, 19 August 2019 14:16)

    Ech fannen et genial wéi der äerch engagéiert fir d‘Oldtimerscene hei am Land! Äer Fotoën sinn ëmmer rëm top an ech freeën méch drop, äerch eng Kéier perséinléch kennenzeléieren! Maacht weider sou ��

  • #10

    Octave Romain (Mittwoch, 08 Mai 2019 10:54)

    De Veteran and Vintage Car Club of Luxembourg (VVCCL) seet iech ërem eng Kéier VILLMOLS MERCI fir déi super flott Fotoen vun eisem
    Tour de Dégommage vum 5. Mai 2019.
    Léif Gréiss a weider esou !!

  • #9

    HAAS René (Montag, 06 August 2018 13:21)

    Ech kucken Aere Site regelméisseg a kann Iech nëmme félicitéieren fir déi flott Biller déi Dir maacht a wëll Iech deemno mat dëse Wierder encouragéieren esou weider ze maachen !

    léif Gréiss
    HAAS René

  • #8

    Marx Joel (Dienstag, 26 Juni 2018 12:01)

    Betreff dem Vintage Treff zu Mondorf soen ech Iech merci fir dei flott Fotoen op ärer Sait.
    Ons eischt Treffen war e grousse Succés an et wärt dat nächst Joer weider goen.

    Joël

  • #7

    OCTAVE Romain (Donnerstag, 10 Mai 2018 10:53)

    Am Num vum Veteran and Vintage Car Club Luxembourg (VVCCL) soen ech iech villmols MERCI fir déi flott Fotoen vun eisem Tour de Dégommage vum 6.Mai .

  • #6

    Carine Heinisch (Sonntag, 12 November 2017 11:30)

    Super dass et Iech gëtt - et ass ëmmer rëm eng grouss Freed äer Fotoen ze kucken - M e r c i ;)

  • #5

    Reuter Melanie (Donnerstag, 19 Oktober 2017 11:26)

    Frée mech all Kéiers, wann ech main Dëppchen hei erëmfannen! � Villmols Merci fir di super Veranstaltungen!

  • #4

    Streveler Pit (Mittwoch, 27 September 2017 09:37)

    Wonderful photos of any event of the Historic Scene