2023

2023 · 02.05.2023
Et war déi éischte Kéier dass den 30 Abrëll zu Schëtter den Classic Car day stattfonnt huet. Mat enger Mëschung vun Rennsport an Oldtimer war fir jiddereen eppes dobäi. Mat Ronn 300 Gefierer war et eng gelongen Editioun wei dir op eisen Fotoen kënnt gesinn.

2023 · 01.05.2023
De 29 Abrëll war ganz Maacher an der Hand vun den Oldtimerfans. LOF huet hiren 2ten Maacher Oldtimerday organiséiert deen och dëst Joer ee groussen Erfolleg war. Wierder huet och gutt matgespillt an Aces deluxe huet fir de Catering gesuergt.

Afterwork by Lio's Burger
2023 · 28.04.2023
De Freiden 28 Abrëll war bei eisem Sponsor Lio's Burger zu Walfer deen éischten Afterwork vun der Saison.

LOF Oldtimer Breakfast ANG Automotive
2023 · 16.04.2023
Bei eisem Sponsor ANG Ateliers Nic Goeorges war de 17.04 deen éischte LOF Oldtimer Breakfast vun der Saison. Méi wei 200 Oldtimer waren an der Industriezon zu Conter zesumme komm fir bei enger Mëtsch an engem gudde Kaffi flott Bensingespréicher ze feieren.

Racing Action Lorentzweiler Expo
2023 · 10.04.2023
Fir déi éischte Kéier huet de Racing Action Lorentzweiler 04 op Ouschterméinden eng Expo organiséiert. Konzept war gutt iwwerluecht a ganz flott ëmgesat: vu fréieren an aktuelle Racing Gefierer, Oldtimerausstellung, Autogrammstonn mam Dylan Perreira, engem Rennsimulator an natierlech Iessen an Drénken war alles dobäi.

2023 · 08.04.2023
Start vun der Oldtimersaison 2023 dëst Joer Ouschtersonndeg beim Stadtmarketing Iechternach: Car Sonndig-Oldtimer om Moart war och dëst Joer ee vollen Erfolleg wann och net esou vill Gefierer wéi déi lescht Joren do waren. Bei guddem Wierder ware vill Visiteure komm fir mat der ganzer Famill een Tour duerch Iechternach ze trëppelen an dobäi schéin a rar Gefierer ze bestaunen. Mir ware fir iech och den ganzen Dag zu Iechternach ënnerwee, hunn flott Gespréicher gefouert an natierlech en...

Conservatoire National de Véhicules Historiques
2023 · 19.03.2023
Nach bis den 30.04 kënnt dir am Conservatoire de Véhicules Historiques Ausstellung "Départ en vacances" kucke goen. Vum DKW Schnellaster, Renault Dauphine, Fiat 500, Saab 96 bis zum Camper T1 kann ee vill schéin an aussergewéinlech Gefierer zu Dikrech bewonneren.