· 

Lof Oldtimer Breakfast by Carrosserie De Cock

Zu Biissen am Atelier carrosserie De Cock war de Sonnden 15 Oktober dee lëschten LOF Oldtimer Breakfast vun der Saison. De Familljebetrib besteet schonn zënter 26 Joer an ass drop spezialiséiert Oldtimer ze restauréieren an all Zorten Autoen ze reparéieren. Bei wonnerschéinem Hierschtwieder hate vill Oldtimer a Youngtimer Furer profitéiert fir nach ee lëschten Tour virun der Wanterpaus ze fueren. Mir waren natierlech och fir iech dobäi an hunn iech e puer flott Fotoen matbruecht.