De Sonnden, den 17. Mee 2026, war et nees Zäit fir den traditionelle LOF Oldtimer Breakfast, deen all drëtten Sonnden am Mount organiséiert gëtt. Dës Kéier huet de Breakfast bei eisem Sponsor Action Wear am Hanneboesch zu Nidderkuer stattfonnt.
An och dës Editioun war nees e vollen Erfolleg. De Pedro vun Action Wear hat sech fir all Visiteur eppes Besonnesches afale geloos....
Saisonstart beim LOF Breakfast zu Leideleng
Den 19. Abrëll 2026 ware mir um éischte LOF Breakfast vun der neier Saison dobäi – an dës Kéier haten mir et net wäit! D’Evenement huet bei Reinert an der Industriezone zu Leideleng stattfonnt.
Bei guddem Wieder an enger entspaanter Atmosphär hunn sech méi wéi 200 Young- an Oldtimer versammelt. Et gouf frësche Kaffi a lecker Metschen – perfekt fir e gemittleche Start an den Dag an d’Oldtimersaison.
Sonnden, den 19. Oktober, war den leschten LOF Oldtimer Breakfast vun dëser Saison. Vill Leit hunn de Wee bei den Hotel Léger zu Mensbesch fonnt – bei schéinem Hierschtwieder an mat hire schéine Gefierer.
Fir ze starten gouf et Croissanten a frësche Kaffi, an natierlech vill flott Gespréicher tëscht Oldtimer-Frënn.
Den 17.08.2025 ware mir beim LOF Oldtimer Breakfast bei Retromobile SA zu Ellange.
Am Kader vum Breakfast hunn sech vill Oldtimer an Youngtimer an der Industriezon agefannen. Fir déi richteg Stëmmung gouf mat Croissanten a Kaffi gesuergt, an d’Participantë konnten och en Abléck an den Atelier vu Retromobile SA kréien.
De Sonndeg, den 20. Juli 2025, huet BK Concept Sàrl zu Foetz bei herrlechem Summerwieder op hiren éischte LOF Oldtimer Breakfast invitéiert . Vill Frënn vu klassesche Gefierer si der Invitatioun vun dëser jonker a dynamescher Firma nokomm.
Dëst Joer war dee lëschte Breakfast vun der Saison déi éischte Kéier beim Familljebetrib Lettrage Langehegermann zu Ehlerange. Et war ee wonnerschéine sonnegen Hierschtmoien a vill Oldtimer- a Youngtimerfuerer hu vun dëser Geleeënheet profitéiert fir sech an op ee gutt Früstück beim Tom, senger Famill a senge Mataarbechter ze treffen. Mir kënnen iech net genau soe weivill Gefierer do ware mee et waren der vill wei dir och op eisen Dronenfotoen kënnt gesinn.
Dëst Joer, de 15 September, huet den zweete Breakfast beim Marc Pesch s.a.r.l. an hirem Atelier zu Käerjeng op en neits fir Opmierksamkeet gesuergt. No dem grousse Succès vum vergaangene Joer, wou den Atelier fir d'éischte Kéier an e Breakfast gemaach huet, war d'Erwaardung héich – an och dëst Joer goufen d'Léit net enttäuscht.
Ee Must fir all Oldtimerfans aus dem ganzen Land, deen éischte Breakfast vun der Saison stoung de Sonnden 21.04 um Programm. Den Optakt vun der Breakfast Saison war dëst Joer bei eisem Sponsor Atelier Nic. Georges a se haten sech wei ëmmer ganz vill Méi gemaach: fir jidderee gouf et Mëtschen, Kaffi, Téi a Schockelas Mëllech. Wann e Loscht hat konnt en eran a Garage goen a kucke wat den Atelier Nic. Georges u Servicer ubitt.
Zu Biissen am Atelier carrosserie De Cock war de Sonnden 15 Oktober dee lëschten LOF Oldtimer Breakfast vun der Saison. De Familljebetrib besteet schonn zënter 26 Joer an ass drop spezialiséiert Oldtimer ze restauréieren an all Zorten Autoen ze reparéieren.
An der Industriezone zu Käerjeng war de Sonnden 17 September deen éischte Breakfast beim Marc Pesch s.a.r.l. an hirem Atelier. Garage wou Planen fir Camione gemaach ginn war kuerzerhand ëmfunktionéiert ginn als klenge Restaurant mat engem leckere Frühstücksbuffet, Dëscher a Sëtzgeleeënheeten.