· 

LOF Oldtimer Breakfast by Reinert

 Saisonstart beim LOF Breakfast zu Leideleng 

Den 19. Abrëll 2026 ware mir um éischte LOF Breakfast vun der neier Saison dobäi – an dës Kéier haten mir et net wäit! D’Evenement huet bei Reinert an der Industriezone zu Leideleng stattfonnt.

Bei guddem Wieder an enger entspaanter Atmosphär hunn sech méi wéi 200 Young- an Oldtimer versammelt. Et gouf frësche Kaffi a lecker Metschen – perfekt fir e gemittleche Start an den Dag an d’Oldtimersaison.

D’Diversitéit un Gefierer war impressionant: vun klasseschen Oldtimeren bis bei modern Youngtimer war alles vertrueden. Vill flott Gespréicher, nei Bekanntschaften an natierlech eng grouss Passioun fir schéin Autoen hunn dëse Moien zu engem richtege Highlight gemaach.

Fir eis war et e gelongenen Start an d’Saison 2026, wéi dir och op eisen Fotoe kënnt gesinn.

Eis Sponsoren :

VipStation luxembourg
Cleaproject24.lu





Offiziell Fotografen vun :

http://www.vintage-steinfort.lu/
Retro-mobile