2022

Lof Oldtimer Brunch byTun Esch Alzette
2022 · 15.05.2022
Bei eisem Sponsor By Tun Coiffeur an der Uelzechtstrooss war de Sonnde 15/05 deen éischte Breakfast / Brunch vun der Saison. Den Tun a seng Equipe hate fir Kaffi a Mëtsche gesuergt an se hunn déi vill Oldtimerfuerer häerzlech wëllkomm.

Lët'z-Rides
2022 · 12.05.2022
Eis éischt Treffe war ee vollen Erfolleg an dat verdanke mir all Eenzele vun iech deen de Méinden 09 Mee bei eis op Leideleng komm ass. Mir soen all eise Sponsoren ee grousse Merci a besonnesch der Gemeng Leideleng an Axa fir hir Ënnerstëtzung. Ouni de Black Bear Darts vun Leideleng wär et net gaangen dofir och hinnen ee grousse Merci dass sie Buvette gemaach hunn. Mir plange schonn déi nächst Editioun a mir hoffen dass dir all erëm bei eis kommt. Vill Spaass mat eiser Fotostreck....

CVM Fréijoerstour
2022 · 04.05.2022
De Samschden 30.04 hat de CVM Steesel (Collectionneurs de véhicules militaires) eis op hire Fréijoerstour invitéiert. Bei sonnegem Wierder sinn déi al Gefierer vum Camping Simmern ee flotten Tour duerch Belsche gefuer iert se an der Auberge Rodbaach am Préizerdaul eng Mëttegpaus gemaach hunn.

Ciao Bella Ciao Vespa by Vespa Club Roude Léiw
2022 · 22.04.2022
10 Joer Vespa Club Roude Léiw: gëtt et eng besser Platz wei dëse Gebuertsdag mat enger super flotter Ausstellung am Shopping Center Belle Etoile ze feieren. Vum 22.04-07.05 kënnt dir duerch dee ganze Shoppingzenter 177 Vespa vu fréier an haut bestaunen. Den Dan Dos Santos als President vum Club ....

Car-Sonndig - Oldtimer om Moart
2022 · 19.04.2022
Mir sinn erëm voll vir iech am Asaz a mir freeën eis op mannst genau esou vill wei dir. Eis éischt Statioun war Ouschtersonndeg de Car-Sonndig-Oldtimer um Moart dee vum Stadtmarketing Echternach organiséiert gëtt.