· 

Retro-Mobile

De Sonnden 12 September hate mir ee flotten Dag um Retromobil am Haneboesch zu Déifferdeng. Bei guddem Wieder waren de ganzen Dag vill Visiteuren déi schéin Oldtimer Youngtimer, Trakteren a Motorrieder bestaune komm. Ganz Industriezone huet sech un dësem Treffe bedeelegt a jiddereen hat een exzeptionelle Stand gemaach. Och Kanner koumen op hir Käschten: Inte fëschen, ee Sprangschlass an ee selwer gebauten Zuch dee mat den Kanner iwwert de ganze Site gefuer ass. Fir Iessen an Drénke war och gesuergt an esou war et een erfollegräichen Dag an ee super gelongent Treffe wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn. Mir freeën eis op nächst Joer a sinn sécher erëm dobäi.