Eis éischt Treffe war ee vollen Erfolleg an dat verdanke mir all Eenzele vun iech deen de Méinden 09 Mee bei eis op Leideleng komm ass. Mir soen all eise Sponsoren ee grousse Merci a besonnesch der Gemeng Leideleng an Axa fir hir Ënnerstëtzung. Ouni de Black Bear Darts vun Leideleng wär et net gaangen dofir och hinnen ee grousse Merci dass sie Buvette gemaach hunn. Mir plange schonn déi nächst Editioun a mir hoffen dass dir all erëm bei eis kommt. Vill Spaass mat eiser Fotostreck....
De Samschden 30.04 hat de CVM Steesel (Collectionneurs de véhicules militaires) eis op hire Fréijoerstour invitéiert. Bei sonnegem Wierder sinn déi al Gefierer vum Camping Simmern ee flotten Tour duerch Belsche gefuer iert se an der Auberge Rodbaach am Préizerdaul eng Mëttegpaus gemaach hunn.
Mir sinn erëm voll vir iech am Asaz a mir freeën eis op mannst genau esou vill wei dir. Eis éischt Statioun war Ouschtersonndeg de Car-Sonndig-Oldtimer um Moart dee vum Stadtmarketing Echternach organiséiert gëtt.