· 

Grand Prix de Bettembourg

De Grand Prix de Bettembourg ass mëttlerweil ee feste Bestanddeel an der Oldtimerszene. Fir déi 4ten Kéier huet den touristesche Rallye fir Oldtimer, Youngtimer, Sports- a Sammlerautoen zu Beetebuerg stattfonnt. Depart war bei der Kierch an duerno goung et duerch de Süde vun eisem Ländche mat verschiddene Statioune wou een huet missten Aufgaben erfëllen a misste Fotoen zouuerdnen. Zäitfueren, Genauegkeet a Schätzaufgabe waren eng flott Ofwiesslung an dem Rallye. Keen Wonner dass déi 90 Platze schnell fort waren an esou huet den Organisateur schonn ugekënnegt en nächst Joer fir puer méi Gefierer op ze maachen. Vun de Participante sinn mir gewuer ginn dass dëse Rallye wei ëmmer super organiséiert war, den Tour immens flott an Aufgabe ganz erausfuerderend waren

Organiséiert gouf en vum Lions-Amitié an dem Sporting Club Beetebuerg. Den Erléis vun dësem Rallye gëtt un ee gudden Zweck gespent.

Mir freeën eis schonn op Jubiläumseditioun an engem Joer.

 

www.lions-amitie.lu

www.sc-bettembourg.com