Artikel mit dem Tag "Oldtimerrallye"



Grand Prix de Bettembourg
2022 · 07.07.2022
De Grand Prix de Bettembourg ass mëttlerweil ee feste Bestanddeel an der Oldtimerszene. Fir déi 4ten Kéier huet den touristesche Rallye fir Oldtimer, Youngtimer, Sports- a Sammlerautoen zu Beetebuerg stattfonnt. Depart war bei der Kierch an duerno goung et duerch de Süde vun eisem Ländche mat verschiddene Statioune wou een huet missten Aufgaben erfëllen a misste Fotoen zouuerdnen.

2020 · 27.09.2020
Den 2ten Grand-Prix de Bettembourg organiséiert vum "Lions Club Luxembourg" war dëst Joer bedéngt duerch de Covid 19 op de Samschde 26 September verluecht ginn. Eng Ronn 50 Oldtimer, Youngtimer a Sportsautoen haten sech Mëttes um 13.30 Auer bei der Kierch zu Beetebuerg Rendezvous ginn.

2019 · 15.06.2019
http://lions-amitie.lu/aDe Veräin “anciens du Sporting Club Bettembourg” haten de Samschde 15 Juni an Zesummenaarbecht mam "Lions Club Luxembourg-Amitié" hiren éischten Oldtimerrallye an Liewe geruff.

2016 · 15.10.2016
Schonn fir déi 6ten Kéier huet den „British sports car owners“ hiren Oldtimerrallye „Night of the long knives“ organiséiert. Den Samschden 15 Oktober vun 18 bis 23 Auer hunn am ganzen 51 Autoen un enger flotter Rallye duerch den Westen vum Land deelgeholl. Lass goung et beim Restaurant-Pizzeria il Tartufo zu Capellen iwwert Koplescht, Briddel, Stengefort erop op Buerschdref an Brouch. Arrivée war erëm beim Restaurant fir zesummen bis an Nuecht eran ze feieren an ze schnëssen.

2016 · 18.09.2016
Et waren 3 Rotary Veräiner aus Däitschland, Frankräich an Lëtzebuerg déi sech zesummen gedoen hunn fir deen éischten Charity Rallye Rotary Indian Summer ze organiséieren: den Rotary Club Trier-Porta, den Rotary Thionville Porte de France an den Rotary Club Bascharage Kordall.