· 

Grand Prix de Bettembourg

Den 2ten Grand-Prix de Bettembourg organiséiert vum "Lions Club Luxembourg" war dëst Joer bedéngt duerch de Covid 19 op de Samschde 26 September verluecht ginn. Eng Ronn 50 Oldtimer, Youngtimer a Sportsautoen haten sech Mëttes um 13.30 Auer bei der Kierch zu Beetebuerg Rendezvous ginn. De ganze Mëtteg goung et fir Participante méi wei 70 km duerch eist Ländchen. Ënnerwee goufen et vill Aufgaben ze léisen a Froen ze beäntwerten. De Lio Martinelli an säi Co-Pilot hunn hiren Titel vum lëschte Joer verdeedegt a kruten eng Trophäe vum Kënschtler Assy Jans. Unmeldegebühr vun dësem Rallye gouf integral un karitativ Zwecker gespent. Mir ware fir iech um Depart, op enger Statioun a bei der Arrivée fir Fotoen ze maachen.

 

www.lions-amitie.lu

www.sc-bettembourg.com