Artikel mit dem Tag "2020"



2020 · 03.08.2020
Ënnert dem Motto "D'Stad lieft" war den Donneschden 30 Juni am Autokino um Glacis ee besonneschen Owend fir all Oldtimerbesëtzter geplangt. Zesumme mat der LOF an der Cinémathèque ass de Klassiker "Le Gendarme de Saint-Tropez" op der grousser Leinwand gespillt ginn.

2020 · 28.06.2020
Zesumme mam Autokino Mamer huet LOF de Sonnden 28.06 een Oldtimer Kinosowend organiséiert. Mam Film "the Great Race" gouf um 21.00 Auer op der grousser Kinoleinwand um Parking vum Bauhaus ee richtege Klassiker gewisen. Eng Ronn 40 Young an Oldtimer haten sech Ticketen geholl.

2020 · 24.06.2020
Mir waren erëm um Tour, dës Kéier mam Käferclub am Norde vum Land. Den Nationalfeierdagstour goung lass zu Ettelbréck bei den Däichhale mat engem Tëschestopp um Parking vum Niklosbierg an um Camping du Barrage zu Stolzembuerg fir als Ofschloss zu Klierf am Restaurant Les Ecuries du Parc zesummen z'iessen.

2020 · 01.06.2020
De Samschden 30 Mee hunn Amal an d'Oldtimer Gecken Ruedt ausgemaach zesummen een Tour duerch den Westen vum Land ze fueren. Virkrich Motoen vun der Amal sinn als éischt lass gefuer fir eng an eng hallef Stonn méi spéit zu Randschelt Mëttegpaus ze maachen.

2020 · 09.03.2020
De Start fir Oldtimersaison war de Weekend vum 7 an 8 Mäerz an der Luxexpo the Box mat der LOF hirem alljäerlechen Autojumble. Dës Ausstellung vun historesche Gefierer vun den Oldtimercluben aus Lëtzebuerg an eise Nopeschlänner fënnt all Joer Ufank Mäerz statt an lockt vill Visiteuren op den Kierchbierg. Och eng Réi Verkafsstänn, eng Bourse an Entreprisen an Garagen haten hir Stänn opgeriicht.