2025

Afterwork Mechanical Freaks
2025 · 16.05.2025
Mechanical Freaks hunn de Freide 16.05 een Afterwork zu Stengefort bei der Aler Schmelz organiséiert. Bei stralendem Sonneschäin hunn sech natierlech e puer Oldtimerfrënn zesumme fonnt fir e Patt ze drénken an eppes vum Grill ze iessen.

Tour de degommage
2025 · 04.05.2025
Wéi schonn an deene leschte Joren hat de Veteran and Vintage Car Club Luxembourg eis och dëst Joer invitéiert, fir de Start vun hirem éischten Tour vun der Saison ze fotogrpahéieren.. Mir hunn dës Invitatioun natierlech mat Freed ugeholl. Sonndes, den 4. Mee, hu mir eis scho fréi moies ëm 9 Auer um Parking beim Klauner zu Steesel agefonnt, wou de Tour de dégommage lancéiert gouf.

LOF Oldtimer Brunch by Tun
2025 · 28.04.2025
Et war e liewege Sonnden zu Esch well de 27. Abrëll 2025 war ganz Stad am Oldtimer-Féiwer: Beim LOF Oldtimer Brunch, organiséiert vun der LOF an eisem Sponsor Maison de Coiffure et de Beauté ByTun, huet sech d’Uelzechtstrooss an eng richteg Ausstellung vu klasseschen Autoen a Youngtimer verwandelt.

Car-Sonndig - Oldtimer om Moart
2025 · 21.04.2025
Ouschtersonndeg den 20.04 war ab 11 Auer ganz Iechternach erëm an der Hand vun den Oldtimer a Youngtimer aus der Groussregioun. Wierder um Ouschterweekend huet och matgespillt esou dass nieft deene villen Oldtimerfuerer och ganz vill Visiteure profitéiert hu fir en Tour iwwert Maartplaz an Alstad vun Iechternach ze maachen.