2026

LOF Oldtimer Afterwork by Marc Pesch
2026 · 03.07.2026
Oldtimer/Youngtimer Afterwork zu Käerjeng – E gelongenen Owend. En Donneschdeg, den 2. Juli, huet bei eisem Sponsor Marc Pesch S.à.r.l. zu Käerjeng den traditionelle Oldtimer/Youngtimer Afterwork stattfonnt. Bei schéinem Summerwieder hu sech tëscht 17:00 an 20:00 Auer ronn 180 Oldtimer versammelt a fir eng flott an entspaant Atmosphär gesuergt.

Classic Day Schëtter
2026 · 31.05.2026
Classic Day Schëtter 2026 – Oldtimer, Emotiounen an eng Kuliss wéi aus engem Film De leschte Weekend huet sech Mënsbech nees an ee richtege Treffpunkt fir Oldtimer- a Youngtimerfrënn verwandelt. De Classic Day Schëtter 2026 huet dëst Joer an enger besonnesch eleganter Kuliss stattfonnt: beim Château de Munsbach. An dëse Site hätt kaum besser kënne passen.

Oldtimerdag zu Mäertert
2026 · 18.05.2026
Den Sonnden, de 17. Mee 2026, war nieft dem LOF Oldtimer Breakfast moies och nach den traditionellen Oldtimerdag zu Mäertert am Park. Organiséiert gouf dësen Event vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme Mertert zesumme mam Käferclub Lëtzebuerg. Vun 10:00 bis 18:00 Auer huet sech de Park zu Mäertert an eng richteg Treffplaz fir Oldtimer- a Youngtimer-Fans verwandelt.

LOF Oldtimer Breakfast by Actionwear
2026 · 17.05.2026
De Sonnden, den 17. Mee 2026, war et nees Zäit fir den traditionelle LOF Oldtimer Breakfast, deen all drëtten Sonnden am Mount organiséiert gëtt. Dës Kéier huet de Breakfast bei eisem Sponsor Action Wear am Hanneboesch zu Nidderkuer stattfonnt. An och dës Editioun war nees e vollen Erfolleg. De Pedro vun Action Wear hat sech fir all Visiteur eppes Besonnesches afale geloos....

Lët's Rides 2026
2026 · 10.05.2026
Déi 5ten Editioun vum Lët'z-Rides. Mir soen fir éischt emol eiser ganzer Equipe Merci fir Hellefen, op der Foto feelt leider eis Equipe vun der Entrée well déi schon hunn misstem déi éischt Old- an Youngtimer empfänken. MERCI dass dir eis gehollef hudd🫶🏻 Der Commune de Leudelange een riesen groussen Merci fir Ennerstetzung an dass mir emmer zesummen Leisungen fannen fir iech dësen flotten Dag ze ermeiglechen. Eisem DJ Baptiste an och der Band The swingin' Hepcats en groussen Merci fir musikale

LOF Oldtimer Afterwork by ANG Automotive
2026 · 30.04.2026
Den Donneschden, den 30. Abrëll, war et esou wäit: Bei eisem Sponsor Atelier Nic Georges huet den éischten Afterwork vun der Saison stattfonnt.

Maacher Oldtimer-Dag
2026 · 25.04.2026
Maacher Oldtimerday 2026 – Sonn, Chrom a gutt Stëmmung zu Gréiwemaacher Bei wonnerschéinem Wieder ware mir den 25.04 um Maacher Oldtimerday, organiséiert vun der Gemeng Gréiwemaacher an der Lëtzebuerger Oldtimerfederatioun. Vun 11:00 bis 18:00 Auer huet sech den Zentrum vu Gréiwemaacher an eng richteg Treffplaz fir Oldtimer- a Youngtimer-Fans verwandelt.

LOF Oldtimer Breakfast by Reinert
2026 · 19.04.2026
Saisonstart beim LOF Breakfast zu Leideleng Den 19. Abrëll 2026 ware mir um éischte LOF Breakfast vun der neier Saison dobäi – an dës Kéier haten mir et net wäit! D’Evenement huet bei Reinert an der Industriezone zu Leideleng stattfonnt. Bei guddem Wieder an enger entspaanter Atmosphär hunn sech méi wéi 200 Young- an Oldtimer versammelt. Et gouf frësche Kaffi a lecker Metschen – perfekt fir e gemittleche Start an den Dag an d’Oldtimersaison.

Car-Sonndig
2026 · 05.04.2026
Ouschtersonnden huet fir eis d’Oldtimersaison offiziell ugefaangen – a wat fir en Start! Mir waren um Car Sonndig – Oldtimer um Moart zu Iechternach, wou sech ronn 350 Youngtimer an Oldtimer an der historescher Alstad versammelt haten. Bei herrlechem Wieder hunn net nëmmen d’Gefierer geglänzt, mee och d’Stad war lieweg wéi seelen: vill Visiteuren an Touristen hunn sech tëscht de klassesche Gefierer beweegt, fotograféiert a bewonnert.

Eis Sponsoren :

VipStation luxembourg
Cleaproject24.lu





Offiziell Fotografen vun :

http://www.vintage-steinfort.lu/
Retro-mobile