Sonn, Chrom a gutt Stëmmung zu Gréiwemaacher
Bei wonnerschéinem Wieder ware mir den 25.04 um Maacher Oldtimer-Dag organiséiert vun der Gemeng Gréiwemaacher an der Lëtzebuerger Oldtimerfederatioun. Vun 11:00 bis 18:00 Auer huet sech den Zentrum vu Gréiwemaacher an eng richteg Treffplaz fir Oldtimer- a Youngtimer-Fans verwandelt.
Iwwerall an der Akafsstrooss, ronderëm d’Post an och beim Centre Culturel konnten Visiteuren eng grouss Villfalt u Gefierer entdecken. Vun klassesche Oldtimer bis hin zu flotte Youngtimer war fir jiddereen eppes dobäi, an d’Atmosphär war duerch de ganzen Dag iwwer einfach genial.
Dëst war schonn déi 5. Editioun vum Event, an och dëst Joer war et nees e vollen Erfolleg. Vill Visiteuren, gutt Gespréicher an eng gemeinsam Passioun fir schéi Gefierer hunn dësen Dag erëm zu eppes Besonneschem gemaach.
Fir de kulinaresche Genoss war och gesuergt: Aces Deluxe huet fir lecker Gegrills gesuergt, an zousätzlech Foodtrucken, kleng Verkafsstänn an Animatiounen hunn dësem Event eng extra flott Dynamik ginn.
Natierlech ware mir och mat dobäi an hunn e puer flott Andréck a Fotoen agefaangen, déi dir hei op eiser Säit entdecke kënnt.

























































































































































































































































































