· 

Oldtimerdag zu Mäertert

Den Sonnden, de 17. Mee 2026, war nieft dem LOF Oldtimer Breakfast moies och nach den traditionellen Oldtimerdag zu Mäertert am Park. Organiséiert gouf dësen Event vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme Mertert zesumme mam Käferclub Lëtzebuerg. Vun 10:00 bis 18:00 Auer huet sech de Park zu Mäertert an eng richteg Treffplaz fir Oldtimer- a Youngtimer-Fans verwandelt.

Ronn 350 Gefierer aus Lëtzebuerg, mee och vill aus Däitschland, waren op der Plaz an hunn de Visiteuren eng grouss Villfalt u schéinen an aussergewéinleche Gefierer gewisen. De ganzen Dag iwwer war vill lass: Verkafsstänn, Iessstänn a Musek hunn fir eng flott Atmosphär gesuergt, an et ware vill Leit duerch de Park spadséiert fir déi vill Oldtimer a Youngtimer ze bewonneren.

Och mir vun Old-Rides.lu waren mëttes op der Plaz fir iech e puer flott Impressiounen matzebrengen an déi schéin Momenter vum Dag festzehalen.

kaeferclubletzebuerg

Eis Sponsoren :

VipStation luxembourg
Cleaproject24.lu





Offiziell Fotografen vun :

http://www.vintage-steinfort.lu/
Retro-mobile