Oldtimer/Youngtimer Afterwork zu Käerjeng – E gelongenen Owend.
En Donneschdeg, den 2. Juli, huet bei eisem Sponsor Marc Pesch S.à.r.l. zu Käerjeng den traditionelle Oldtimer/Youngtimer Afterwork stattfonnt. Bei schéinem Summerwieder hu sech tëscht 17:00 an 20:00 Auer ronn 180 Oldtimer versammelt a fir eng flott an entspaant Atmosphär gesuergt. All Participant krut als Merci zwee Gedrénks spendéiert, an och fir d’Iesse war beschtens gesuergt. D’Käerjenger Bouwen hunn de Grill ugehäit an déi vill Visiteure mat leckere Gegrills verwéinert. Et hat en och Méiglechkeet Atelier vum Marc Pesch sarl kucken ze goen an een Abléck an hir Arbecht ze kréien wéi dir och op eisen Fotoen kënnt gezien. D’Stëmmung war de ganzen Owend iwwer exzellent, an d’Besicher haten d’Geleeënheet, sech auszetauschen an déi vill schéi Gefierer ze bewonneren. Eréischt géint den Ofschloss vun der Manifestatioun huet de Reen agesat – e perfekte Schluss no engem gelongenen Afterwork. E grousse Merci geet un eise Sponsor Marc Pesch, un d’Käerjenger Bouwen an un all déi, déi mat hire Gefierer an hirer gudder Laun zu dësem schéinen Owend bäigedroen hunn.
https://www.pesch.lu/














































































































































































