· 

LOF Oldtimer Breakfast by Actionwear

De Sonnden, den 17. Mee 2026, war et nees Zäit fir den traditionelle LOF Oldtimer Breakfast, deen all drëtten Sonnden am Mount organiséiert gëtt. Dës Kéier huet de Breakfast bei eisem Sponsor Action Wear am Hanneboesch zu Nidderkuer stattfonnt.

An och dës Editioun war nees e vollen Erfolleg. De Pedro vun Action Wear hat sech fir all Visiteur eppes Besonnesches afale gelooss: beim Ukommen huet all Participant ee flotte Kuerf vun Action Wear mat engem Duftbäumchen an enger klenger Reklamm kritt. Och de Kaffi gouf an speziellen Action-Wear-To-Go-Becheren zerwéiert, déi d’Leit dono als flott Erënnerung mat heem huele konnten.

Natierlech huet et och net u guddem Iessen gefeelt – lecker Mëtschen a vill flott Gespréicher hunn de Moien perfekt gemaach. Dobäi huet och d’Wieder matgespillt: de ganze Moien iwwer war et sonneg an d’Stëmmung war entspriechend exzellent.

Vill schéi Oldtimer a Youngtimer waren op der Plaz an hu fir eng flott Atmosphär gesuergt. Nieft de Gefierer konnten d’Visiteuren och en Abléck hannert d’Kulisse vun Action Wear kréien, well Visite vun den Atelieren ugebuede goufen. Och de Buttek war op an huet vill Interesséierter ugezunn – natierlech hu mir och do e puer Fotoe gemaach.

Et war ee wierklech gelongene Breakfast mat enger super Organisatioun an enger familiärer Ambiance. Ee grousse Merci geet un eisen Sponsor Action Wear an un de Pedro, deen sech immens vill Méi ginn huet, fir dëse flotte Moien méiglech ze maachen.

https://www.actionwear.lu/

Eis Sponsoren :

VipStation luxembourg
Cleaproject24.lu





Offiziell Fotografen vun :

http://www.vintage-steinfort.lu/
Retro-mobile