Ouschtersonnden huet fir eis d’Oldtimersaison offiziell ugefaangen – a wat fir en Start! Mir waren um Car Sonndig – Oldtimer um Moart zu Iechternach, wou sech ronn 350 Youngtimer an Oldtimer an der historescher Alstad versammelt haten.
Bei herrlechem Wieder hunn net nëmmen d’Gefierer geglänzt, mee och d’Stad war lieweg wéi seelen: vill Visiteuren an Touristen hunn sech tëscht de klassesche Gefierer beweegt, fotograféiert a bewonnert. Fir Iessen a Gedrénks war bestens gesuergt, an d’Terrassen vun de Restauranten waren bis op déi lescht Plaz gefëllt.
E klengen Highlight war och de Stand vum Matchbox Musée, wou Miniaturautoen ugebuede goufen – eng flott Ergänzung fir grouss a kleng Autofans.
An dësem eenzegaartege Kader vun der schéiner Alstad vun Iechternach kommen déi al Gefierer besonnesch gutt zur Geltung. D’Kombinatioun aus historeschem Ëmfeld a klasseschen Autoe mécht dësen Event all Joer erëm zu eppes ganz Besonneschem.
Mir waren natierlech mat eisen Fotoapparater ënnerwee a hunn fir Iech e puer flott Impressiounen agefaangen – loosst Iech inspiréieren!



































































































































































































































