Ouschtersonnden huet fir eis d’Oldtimersaison offiziell ugefaangen – a wat fir en Start! Mir waren um Car Sonndig – Oldtimer um Moart zu Iechternach, wou sech ronn 350 Youngtimer an Oldtimer an der historescher Alstad versammelt haten.
Bei herrlechem Wieder hunn net nëmmen d’Gefierer geglänzt, mee och d’Stad war lieweg wéi seelen: vill Visiteuren an Touristen hunn sech tëscht de klassesche Gefierer beweegt, fotograféiert a bewonnert.
Zesumme mam Ciné Sura an Pièces automobiles Claes Laurent haten mir den 01/06/2024 een Oldtimerkino zu Iechternach organiséiert. Dir hat entscheet dass mir deen Owend dem Andy Bausch säi Film "Troublemaker" spillen. Och den Andy Bausch war bei eis op Besuch komm. Mat en bëssen Verspéidung, hei eis Fotogalerie vum Oldtimerkino
Nieft dem Breakfast gouf et op Ouschtersonndeg awer och nach een anert Treffe wat dëst Joer déi zweete Kéier stattfonnt huet: Car-Sonndig-Oldtimer om Moart zu Iechternach. An dem Grupp "Belebung des öffentlichen Raums" vum Stadtmarketing Iechternach hiert Konzept ass och nees voll opgaangen...
De Sonnden 15 Juli gouf et eppes ze feieren: op den Dag genau virun 30 Joer ass de Käfer Club Lëtzebuerg gegrënnt ginn. De Club huet fir dëse spezielle Gebuertsdag een Oldtimertreffen zu Iechternach um Parking "Kack" organiséiert. Iwwert de ganzen Dag gouf et Animatioun, Iessen an Drénken an déi vill Visiteure konnte flott Gefierer bestaunen.
Wat gëtt et Besseres wei een Oldtimertreffe fir ganz Famill op Ouschtersonndeg? Dat hunn sech wahrscheinlech och Léit vun engem Projetsgrupp „Belebung des öffentlichen Raums“ ...