Den Donneschden, den 30. Abrëll, war et esou wäit: Bei eisem Sponsor Atelier Nic Georges huet den éischten Afterwork vun der Saison stattfonnt.
Bei schéinem Wieder huet sech eng grouss Zuel u Oldtimer- a Youngtimer-Fans zesummefonnt, fir an enger entspaannter Atmosphär zesummen den Owend ze genéissen. Fir dat leiwlecht Wuel war och beschtens gesuergt – mam Foodtruck Amore al dente gouf et lecker Iessen, an och d’Gedrénks hunn natierlech net gefeelt.
Nieft guddem Iessen an engem flotte Kader stoungen virun allem déi gutt Gespréicher am Mëttelpunkt – genee dat, wat esou en Afterwork ausmécht. Besonnesch interessant war och, datt d’Equipe vum Atelier hir Garage opgemaach huet an de Visiteuren en Abléck ginn huet, wéi si mat vill Passioun un Oldtimeren a Youngtimeren schaffen.
Mir soen der ganzer Equipe vum Atelier Nic Georges e grousse Merci fir dësen gelongenen an immens flotten Afterwork – mir freeën eis schonn op déi nächst Kéier !
https://anga.lu/






























































































































