· 

Start your Engine

Endlech emol erëm een Oldtimertreffen: de Samschden 15 August huet de Retro Cars Péiteng sech getraut ënnert Berécksiichtegung vun allen sanitäre Reegelen hiert Treffen "Start your Engine 2.0" stattfannen ze loossen. Bei guddem Wierder hate vill Oldtimerfuerer de Wee op Péiteng fonnt fir ee relaxen Dag zesummen ze verbréngen. Ee Sprangschlass fir Kanner, eng Tombola, Iessen, Gedrénks a Live Musek bis an de spéiden Owend, ee gelongenen Dag mat ville Visiteuren a flotte Gefierer. Mir freeën eis op den 3.0 a bis dohinner vill Spaass mat eise Fotoen.

 

FB fan : Retro-Cars Peiteng