Artikel mit dem Tag "Grand prix"



Grand Prix de Bettembourg
2024 · 30.06.2024
Den éischte Samschden am Juli ass fest reservéiert fir de Grand Prix de Bettembourg, organiséiert vum Lions Club Luxembourg an dem Sporting Club Luxembourg. De klenge Rallye deen nëmme Samschdes Mëttes stattfënnt fir all Sportcars, Oldtimer a Youngtimer ass ëmmer komplett ausgebucht.

Grand Prix de Bettembourg
2023 · 02.07.2023
Um Samschden de Mëtteg 1 Juli war et erëm Zäit fir de Grand Prix de Bettembourg. Et ass ee klenge Rallye fir Oldtimer, Youngtimer a Sportsautoen. Organiséiert gëtt dëse Rallye all Joer vum Lions Club Luxembourg an dem Sporting Club Beetebuerg.

Grand Prix de Bettembourg
2022 · 07.07.2022
De Grand Prix de Bettembourg ass mëttlerweil ee feste Bestanddeel an der Oldtimerszene. Fir déi 4ten Kéier huet den touristesche Rallye fir Oldtimer, Youngtimer, Sports- a Sammlerautoen zu Beetebuerg stattfonnt. Depart war bei der Kierch an duerno goung et duerch de Süde vun eisem Ländche mat verschiddene Statioune wou een huet missten Aufgaben erfëllen a misste Fotoen zouuerdnen.

2020 · 27.09.2020
Den 2ten Grand-Prix de Bettembourg organiséiert vum "Lions Club Luxembourg" war dëst Joer bedéngt duerch de Covid 19 op de Samschde 26 September verluecht ginn. Eng Ronn 50 Oldtimer, Youngtimer a Sportsautoen haten sech Mëttes um 13.30 Auer bei der Kierch zu Beetebuerg Rendezvous ginn.

2019 · 15.06.2019
http://lions-amitie.lu/aDe Veräin “anciens du Sporting Club Bettembourg” haten de Samschde 15 Juni an Zesummenaarbecht mam "Lions Club Luxembourg-Amitié" hiren éischten Oldtimerrallye an Liewe geruff.