· 

Grand Prix de Bettembourg

Um Samschden de Mëtteg 1 Juli war et erëm Zäit fir de Grand Prix de Bettembourg. Et ass ee klenge Rallye fir Oldtimer, Youngtimer a Sportsautoen. Organiséiert gëtt dëse Rallye all Joer vum Lions Club Luxembourg an dem Sporting Club Beetebuerg. Kuerz viru 14.00 Auer war de Start zu Beetebuerg bei der Kierch an duerno goung et ee klengen Tour bis op Musel an iwwert Frankräich nees zréck op Beetebuerg. Ënnerwee ware vill Statioune wou Leit hunn misste Spiller machen an awer och ee Quizheft huet ee missten ausfëllen wou een z.b.huet missten wëssen a wei engem Duerf déi Foto um Blat ze fannen ass. De Rallye war wei all Joer ausgebucht mat 100 Autoen, woubäi wéinst dem Wierder 10 Leit net komm sinn. Jiddereen ass duerno duerch Ziel gefuer wou et dreems goung 45m Slalom ze fueren a genau 30 Sekonnen. Déi éischt 3 Gewënner kruten ee Präis. Mir ware fir iech op verschidde Platze Fotoe maachen an och beim Ziel ware mir do. Vill Spaass mat eiser Fotokollektioun. 

 

lions.lu/sc-bettembourg.com/