· 

LOF Oldtimer Breakfast Pavillon am Brill

Beim Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer war de Sonnden 21.08 ee LOF Oldtimer Breakfast. Wei gewinnt gouf et vun 09 Auer un Mëtschen a Kaffi vum Sponsor "Pavillon am Brill". Méi wei 200 Oldtimer haten sech op dem flotte Parking ronderëm de Centre Culturel getraff fir flott Bensinsgespräicher ze feieren. Et war wei ëmmer super flott vill Leit erëm ze gesinn an an dem Sënn: vill Spaass mat eise Fotoen.

www.lof.lu