· 

Vintage Cars & Bikes Steinfort

Endlech nees Vintage Cars & Bikes zu Stengefort vun de Mechanical Freaks Steinfort. De Weekend vum 06 a 07 August war no zwee Joer Paus erëm ganz Stengefort op de Been fir beim Vintage Cars & Bikes dobäi ze sinn. Mat enger néier Locatioun hannert der Gemeng am Park bis bei déi Al Schmelz war de Site riseg grouss an ee flotten Trëppeltour fir all Visiteuren. Mat ville Verkafsstänn an Cluben déi ausgestallt hunn war de Vintage och dëst Joer erëm ee groussen Erfolleg. Mir haten och ee Stand um Vintage an hunn eis gefreet dass esou vill Léit eis besiche komm sinn. Natierlech hunn mir als offiziell Fotographe ganz vill Fotoen a vill Kilometer gemaach dee Weekend mee et huet sech absolut gelount. Vill Spaass mat eise ville Fotoen.

 

https://www.vintage-steinfort.lu