· 

Journee vieille carrosserie

Oldtimertreffen am Minettpark Fonds de gras ass ëmmer een Highlight an eisem Kalenner. Eng super flott Location: rustikal an oldschool, perfekt fir déi schéi Gefierer auszestellen. Och dëst Joer war de Sonnde 24.07 wonnerschéint Wierder an et ware vill Visiteuren op de Site komm fir Oldtimer ze bestaunen. Organisateur vum Event war den Train 1900 deen och dëst Joer all Participant dee mat engem Oldtimer komm ass ee gratis Menü an ee gratis Tour mat der Dampflok geschenkt huet. Mir waren deen Dag fir iech op der Platz an hunn iech en puer schéi Fotoe matbruecht.

 

https://minettpark.lu/