· 

Int. Meeting CVM Steesel

No 2 Joer Paus huet de Collectionneurs de véhicules militaires Steesel (C.V.M.S) de Weekend vum 13 a 14 August hiren "Big Meeting" am Centre de Loisirs Norbert Melcher organiséiert. Um Programm vum Weekend stoungen nieft der Ausstellung vun historesche Militärgefierer, Toure fir Kanner, Iessen an Drénken och een Tour duerch eist Land an eng Schnitzeljuegd bei dem et flott Präisser ze gewanne gouf. Och en puer Verkafsstänn waren do an et ware vill Visiteuren op Steesel kucke komm. Och mir ware Sonndes Moies een Tour iwwert de Camp maachen an hunn iech en puer Fotoe matbruecht.

 

www.cvmsteesel.lu/