· 

Afterwork by Lio's Burger 2

Dee lëschten Afterwork vir dës Saison bei eisem Sponsor Lio's Burger zu Walfer: ab 17 Auer hunn sech Oldtimer a Youngtimer getraff fir flott Bensinsgespréicher ze féieren an ee gudde Burger vum Lio ze iessen. Eng Live Band huet fir déi passend Musek gesuergt och wann et richteg kal dobausse war. Mir haten ee schéinen Owend a freeën eis schonn op deen nächsten Afterwork am Fréijoer 2023 beim Lio a senger Equipe.

 

Lio's burger