· 

3 European Ford Capri Revival

Fir déi 3ten Kéier hunn Capri Frënn Lëtzebuerg op hiren European Capri Revival invitéiert. Dëst Joer war de Meeting zu Wäiswampech beim Séi wou déi vill Participanten aus den Nopeschlänner konnte campéieren. Aus England, Polen, Däitschland, Holland a Frankräich waren déi flott Gefierer mat hire Besëtzer ugereest fir sech de Visiteuren ze presentéieren, un engem Concours deel ze huelen an einfach ee schéine Weekend mateneen ze verbréngen. Mir waren och Samschdes Mëttes bis an den Norden erop fir iech eng flott Fotoreportage ze maachen.

 

http://www.caprilux.eu/