Dëst Joer war dee lëschte Breakfast vun der Saison déi éischte Kéier beim Familljebetrib Lettrage Langehegermann zu Ehlerange. Et war ee wonnerschéine sonnegen Hierschtmoien a vill Oldtimer- a Youngtimerfuerer hu vun dëser Geleeënheet profitéiert fir sech an op ee gutt Früstück beim Tom, senger Famill a senge Mataarbechter ze treffen. Mir kënnen iech net genau soe weivill Gefierer do ware mee et waren der vill wei dir och op eisen Dronenfotoen kënnt gesinn. Mat dësem lëschte Breakfast verabschiden och mir eis an Wanterpaus a freeën eis elo schonn op de Start vun der néier Saison 2025 mam Autojumble de Weekend vum 22-23 Mäerz. Vill Spass mat eise Fotoe vum Breakfast.