· 

LOF Oldtimer Breakfast ANG Automotive

Ee Must fir all Oldtimerfans aus dem ganzen Land, deen éischte Breakfast vun der Saison stoung de Sonnden 21.04 um Programm. Den Optakt vun der Breakfast Saison war dëst Joer bei eisem Sponsor Atelier Nic. Georges a se haten sech wei ëmmer ganz vill Méi gemaach: fir jidderee gouf et Mëtschen, Kaffi, Téi a Schockelas Mëllech. Wann e Loscht hat konnt en eran a Garage goen a kucke wat den Atelier Nic. Georges u Servicer ubitt. Et ware ganz vill Léit op Conter komm och wann et wierklech richteg kal war an et esouguer kuerz Zäit e puer Flacke gefall sinn. Mir ware fir iech op der Platz an et war dat éischt Treffe wou eis Fangeren un de Fotoapparat ugefruer ware well et esou kal war. Et ass awer eng flott Fotoreportage entstanen a mir soen dem Alex an dem ganzen Team vum Atelier Nic. Georges Merci fir dëse gelongenen a sympathesche Breakfast.

 

www.ang.lu