· 

International Motor Show

De Weekend vum 10-12 November ass endlech erëm International Moto Show an der Luxexpo um Kierchbierg. An ganzen 3 Halen kann en villes gewuer ginn iwwert den nationalen an internationalen Motosport. Et fënnt en Händler vun bekannten Marken an och méi kleng Verkafsstänn. Um Show Programm stinn Motorrad fueren an enger Kugel, Driftshow an nach vill Virféierungen. Och op Simulatoren kann een fueren. Fir déi Kleng gëtt et en Parkour fir mat klengen Motocross Motoen ze fueren. Mee och Oldtimerfans kommen net ze kuerz: LOF huet een Stand fir den Autojumble 2024 ze presentéieren an op ganz villen Stänn sinn Rennmaschinnen vun fréier ausgestallt. Den Highlight ass awer '75 Joer Porsche Sportcars', eng ganz flott Ausstellung mat villen aalen an neien Gefierer. Fir Motorrad Fans gëtt et och eng Ausstellung vun dënnen éischten Harley Davidson. Mir waren fir iech kucken an hunn iech en puer Impressiounen matbruecht. Et lount sech bis an Luxexpo ze goen.

 

Motorshow.lu