· 

Am alen Zwier

De Samschden 12 August ware mir vun der AMAL (Anciennes motos au Luxembourg) op hieren tradidionnellen Tour "Am alen Zwier" invitéiert fir Fotoen ze maachen. Et ass ëmmer erëm flott mat deenen ale Motoen vun virun 1950 a mat deenen alen Trakteren ënnerwee ze sinn. Dëst Joer war den Depart an och de Briefing am Musée Thillenvogtei zu Randschelt. Eng super flott Platz déi och super gepasst huet well och jiddereen ewéi fréier ugedoe war. De Briefing gouf dunn och an der aler Schoul am Musée ofgehalen: Motoe fueren all Joer een aneren Tour wei Trakteren an Owes hunn sie sech awer erëm all zesummen am Musée getraff fir zesummen an der Schéier ze iessen. An der Mëttesstonn gouf et och eng Paus mat Wirschtercher a Gromperenzalot iert den Tour dunn weider gaangen ass. Mir ware wei ëmmer frou dobäi ze sinn a freeën eis elo schonn op nächst Joer a bis dohinner, vill Freed mat eise Fotoen.

 

Amal.lu