· 

Autojumble

Endlech war et nees souwäit: no engem Joer Paus war de Weekend vum 16 a 17 Mäerz den Autojumble an der Luxexpo. Vill Clibb haten dësen Event genotzt fir sech deenen villen Visiteuren ze presentéieren. Och mir haten zesumme mam Käferclub e Stand. Mir haten een Oldtimerkino opgeriicht an den Andy Bausch hat eis extra ee flotten Teaser gemaach mat all den Oldtimer déi hien a senge Filmer benotzt huet. Och den Andy selwer, de Paul Thiltges a verschidde Schauspiller aus dem Film Little Duke waren eis besiche komm a mir hunn eis richteg dodriwwer gefreet. Mir konnten zum Schluss vum Weekend souguer den Präis an Empfang huele fir dee schéinste Stand. Merci u jiddereen deen fir eis gewot huet an eis besiche komm ass de Weekend. Hei sinn en puer Impressioune vum Autojumble.

 

lof.lu