· 

Young & Oldtimer Day Steinsel

Young & Oldtimer Day Steinsel


Et war déi zweete Kéier wou Gemeng Steesel op hire Young and Oldtimer Day agelueden huet. Bei guddem Wieder haten sech vill Besëtzer mat hiren Autoen am Centre de Loisir “Norbert Melcher” getraff déi och all um “Concours d’élégance” matgemaach hunn wou et dräi Präisser ze gewanne gouf: dee schéinste Youngtimer, Oldtimer an de Präis vun der Jury.

Verschidden Associatioune vun der Gemeng hunn sech em Iessen an Drénke gekëmmert, lëtzebuerger Marching Band huet de ganzen Nomëtteg fir Animatioun gesuergt an och puer Stänn waren do fir all déi vill Visiteuren ze begeeschteren.

 Am spéiden Nomëtteg huet dunn och nach de Rotary Castle Tour mat 160 Autoen ee kuerze Stop zu Steesel gemaach. Alles an allem war et ee gelongenen Dag an och Platz wou dëse Meeting stattfonnt huet war perfekt wéi dir op eise Fotoe gesitt.