Artikel mit dem Tag "2016"



2016 · 16.10.2016
Als Ofschloss vun der Saison huet LOF (Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun) de Sonnde 16 Oktober op hire 4ten „Oldtimer Breakfast“ an der Foussgängerzone zu Esch agelueden. Zesumme mat hirem Sponsor „Maison de Coiffure et de Beauté ByTun“ , dee fir Mëtschen a Kaffi gesuergt huet an der Kollaboratioun mat der Gemeng konnten déi al Gefierer sech duerch ganz Uelzechtstrooss parke fir sech deene ville Visiteuren ze presentéieren.

2016 · 15.10.2016
Schonn fir déi 6ten Kéier huet den „British sports car owners“ hiren Oldtimerrallye „Night of the long knives“ organiséiert. Den Samschden 15 Oktober vun 18 bis 23 Auer hunn am ganzen 51 Autoen un enger flotter Rallye duerch den Westen vum Land deelgeholl. Lass goung et beim Restaurant-Pizzeria il Tartufo zu Capellen iwwert Koplescht, Briddel, Stengefort erop op Buerschdref an Brouch. Arrivée war erëm beim Restaurant fir zesummen bis an Nuecht eran ze feieren an ze schnëssen.

2016 · 09.10.2016
Fir Oldtimersaison 2016 ofzeschléissen huet de “Veteran & Vintage Car Club of Luxembourg” hiren traditionellen Hierscht-Tour organiséiert, de Randonnée “Serge Krier”. De Sonnden 09 Oktober um 09 Auer war Treffpunkt zu Léiweng beim Akafszenter fir eng Randonnée vun 92 Kilometer. Vun do aus goung et dunn Richtung Neufchef a Frankräich.

2016 · 25.09.2016
Zu Audun-le–Tiche huet de Sonnde 25.09 déi 4ten Editioun vum “Cars & Coffee” stattfond. De ganzen Dag iwwer hate vill Proprietairë vun al Autoen a Motoen sech virun der Garage Bertucci getraff fir zesummen ze Iessen, ze Drénken an hier Gefierer ze presentéieren. Iessen an Drénke goufen dëst Joer vun der Associatioun “G2R Endurance” garantéiert, de Kaffi a Kuch goufe vum Fussballclub “Red Angels de Rédange” zervéiert.

2016 · 18.09.2016
Och déi 3ten Editioun vun der LOF (Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun) hirem mëttlerweil fest etabléiertem Oldtimer Breakfast war een groussen Erfolleg: iwwert 80 Oldtimer haten sech Sonndes den 18 September vun 09.00-12.00 Auer beim APL (Auto-Parts Lëtzebuerg)

2016 · 18.09.2016
Et waren 3 Rotary Veräiner aus Däitschland, Frankräich an Lëtzebuerg déi sech zesummen gedoen hunn fir deen éischten Charity Rallye Rotary Indian Summer ze organiséieren: den Rotary Club Trier-Porta, den Rotary Thionville Porte de France an den Rotary Club Bascharage Kordall.

2016 · 14.09.2016
Säit 15 Joer gëtt et den „Peugeot Classic Club Lëtzebuerg“ an genau aus dem Grond organiséieren si vum 07-17.09 eng flott Oldtimerausstellung an der Belle Etoile. Duerch ganz Galerie verdeelt stinn 21 al Peugeot

2016 · 04.09.2016
Mir si grad an der Vakanz op der Côte d’Azur an hu profitéiert op ee klengt Treffen vum Club „Sant Rapheu Auto Collection“ ze goen. De Sonnde 04 September huet Club hiren 22ten „Festival de la voiture ancienne“ zu Saint Raphaël organiséiert.

2016 · 21.08.2016
Net manner wéi 150 Oldtimer an hier Proprietairen haten de Wee Sonndes den 21 August op der LOF (Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun) hiren 2ten Oldtimer Breakfast fonnt. De LOF an hire Sponsor Oldtimerbus Georges Carbon haten op den alen ARBED Site zu Dummeldeng invitéiert fir Moies vun 09.00-12.00 Auer zesummen ze frühstücken.

2016 · 15.08.2016
Ee klengt awer sympathescht VW Treffe war de Méinde 15 August fir déi 6ten Kéier um Parking vum Mc Donald’s zu Messancy. Organisateur vun dësem Meeting war “Volkswagen Spirit Gang” an Zesummenaarbecht mam Mc Donald’s Racing Team.

Mehr anzeigen