· 

LOF Oldtimer Breakfast 4

LOF Oldtimer Breakfast 4


Als Ofschloss vun der Saison huet LOF (Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun) de Sonnde 16 Oktober op hire 4ten „Oldtimer Breakfast“ an der Foussgängerzone zu Esch agelueden.

Zesumme mat hirem Sponsor „Maison de Coiffure et de Beauté ByTun“ , dee fir Mëtschen a Kaffi gesuergt huet an der Kollaboratioun mat der Gemeng konnten déi al Gefierer sech duerch ganz Uelzechtstrooss parke fir sech deene ville Visiteuren ze presentéieren. Mir waren natierlech och dobäi a kenen iech Folgendes soen: et war ee risegrousse Succès mat méi wei 220 Autoen, Motoen, Trakteren a Militärautoen. Eng super Organisatioun vun der LOF an eng immens flott Iddi dee leschte Breakfast fir dëst Joer an der Foussgängerzone stattfannen ze loossen. Bei dem sonnege Wieder ware vill Leit kucke komm an och Passionéierter aus ganz Lëtzebuerg haten hiren Oldtimer eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Garage geholl fir op Esch ze kommen.

Ee grousse Merci un LOF an hier Sponsoren fir déi flott an erfollegräich Breakfaste vun dësem Joer a mir freeën eis elo schonn op déi nächst am Fréijoer 2017 wou mir och sécher nees dobäi sinn.