· 

Bibi's Garage Re-Opening

Bibi's Garage Re-Opening


Zu Audun-le–Tiche huet de Sonnde 25.09 déi 4ten Editioun vum “Cars & Coffee” stattfond.

De ganzen Dag iwwer hate vill Proprietairë vun al Autoen a Motoen sech virun der Garage Bertucci getraff fir zesummen ze Iessen, ze Drénken an hier Gefierer ze presentéieren.

Iessen an Drénke goufen dëst Joer vun der Associatioun “G2R Endurance” garantéiert, de Kaffi a Kuch goufe vum Fussballclub “Red Angels de Rédange” zervéiert.

En puer Verkafsstänn waren och op der Platz, ënnert anerem de “Fifty Style” mat hire 50er Jore Kleeder, de “Goodies and family east coast”, de “La Foudre Speed Shop”, de “La Fripouillerie de Prisci” an de Jérome Laojia mat senge speziellen Eegekreatiounen.

Eise Fazit: ee klengt impressionnant Treffe mat schéinen Autoen, gudder Ambiance a spezielle Verkafsstänn.