· 

Retro Classics Cologne

Retro Classics Cologne


Retro Classics huet dëst Joer déi éischte Keier an der Autostad Köln hier Dieren opgemaach. Flächendeckend ass Retro Classics elo a ganz Däitschland vertrueden. Retro Classics goufen 2001 gegrënnt an Ausstellungen gi vun de „Stuttgarter Retro Messen Gmbh“ veranstalt.
No Stuttgart an Nürnberg gëtt et dann och elo Retro Classics Cologne. 1500 Oldtimer waren vum 24 bis den 26 November an zwou Halen mat 60000 m2 Ausstellungsfläch um Site vun der Kölnmesse ausgestallt. Den Opbau no Themenhalen huet de Visiteuren et einfach gemaach den Iwwerbléck iwwert 480 Aussteller ze halen.
Nieft den Händler, Restaurateuren, Veräiner an Hiersteller gouf et och eng Hal mat Verkafsstänn an enger Bourse fir Autodeeler.
Ford, zesumme mat anere Fordcluben, hunn op hirem Stand ee Bléck zréckgeworf op 85 Joer Automobilproduktioun an -entwécklung. Motorworld war mat engem groussen Stand vertrueden an huet Reklamm gemaach fir hier lafend Projeten zu Köln, Mallorca an zu Zeche Ewald. Si haten och hir Dauerausstellung „Michael Schumacher Private Collection“ -déi ee bei der Erëffnung vum Motorword Köln ab Abrëll 2018 bewonneren kann- matbruecht.
Munchmol ginn och Autoen zu Kinostaren an en puer vun dësen Oldtimer waren op der Retro Classics ausgestallt: den DeLorean aus „Zurück in die Zukunft“ , de Ghostbuster Cadillac an de Ford Mustang „Eleanor“ aus dem Film „Nur noch 60 Sekunden“.
Eng Ausstellung iwwert historesch Trakteren a Landmaschinen huet natierlech och net dierfte feelen.
Freides Owes war dann fir jiddereen déi offiziell Erëffnung vun der Retro Classics mat der Allianz Retro Night. Op der grousser Bühn waren niervt de Museksgruppen „The Cool Cats“ an „Deejay Plus“ och DTM Gewënnerin Ellen Lohr an Grand-Prix Legend Jochen Mass.
Eng Liesung vum Motorjournalist Malte Jürgens an eng Oldtimer Auktioun stounge Samschdes um Programm.
Et war ee gelongene Weekend mat villen extraen Oldtimer wei dir op eiser Fotostreck kënnt gesinn an Veranstalter waren och ganz zefridden well den Datum fir 2018 ass och schonn eraus.