· 

Tour de Luxembourg by VVCCL

Tour de Luxembourg by VVCCL


De Veteran & Vintage Car Club Lëtzebuerg huet de Sonnden den 02 Juli hire „46ème Tour de Luxembourg pour voitures historiques“ organiséiert.

Iwwer 40 Autoen haten sech fir de flotten Tour duerch den Norde vu Lëtzebuerg ugemellt deen dëst Joer just iwwert een Dag gaangen ass.

Lass goung et Moies um 08 Auer um „Centre de Formations pour Conducteurs“ um Comar-Bierg. Am Restaurant Neptwone huet jiddereen seng Borddokumenter, ee Kaffi an ee Croissant kritt. Deen éischten Auto ass um 09.30 Auer gestart Richtung Noerdange wou eng Visite vun der Gare an den Apero ugebuede goufen. Duerno goung et weider op Harel wou och zu Mëtteg giess ginn ass. Géint 14.30 Auer war dunn nees Depart fir Richtung Colmar-Bierg. Als speziell Challenge huet een ënnerwee misste verschidde kulturell Ecker aus dem Land sichen an opschreiwen a wei engem Duerf déi ze fanne sinn. Et goufen zwou Variante fir dësen Tour ugebueden: ee klengen Tour vun ongeféier 90 km fir di ganz al Gefierer an ee méi groussen Tour vu bal 250 km fir déi aner Oldtimer. Um 17.00 Auer sinn Autoen dunn erëm um Colmar-Bierg ukomm fir Präisiwwerreechung an zesummen zu Owend ze iessen.

An eiser Galerie gesi dir en puer Autoen di deen Tour matgefuer sinn.